Kritik vu Jonke Sozialisten um EducatiounsministerJSL fuerderen hire Stand op der Studentefoire nees zeréck

RTL Lëtzebuerg
Zanter der Pandemie wieren d‘Jugendparteien an och d‘Gewerkschaften vum Minister Meisch vun der Foire verbannt ginn.
© RTL Archiv

Donieft wier d’Studentefoire op de Belval re-logéiert ginn: eng schlecht Entscheedung fir Jonker aus dem Norden. Et wier wichteg, dass Jugendorganisatiounen d’Méiglechkeet kréien de Schüler a Studenten hir Iddien ze presentéieren.

Grad an Zäiten vu Politikverdrossenheet, Klima- a Logementskrise wier et essentiel, dass Jonker informéiert sinn a sech kënnen abréngen, sou fuerderen et déi Jonk Sozialisten. D’Studentefoire ass dëst Joer de 26. Oktober mat ronn 250 Stänn um Campus Belval.

Back to Top
CIM LOGO