Organiséiert gouf dat Ganzt vum Luxembourg Centre for Contemporary and Digital History, engem Fuerschungszenter vun der Uni Lëtzebuerg.
Am Kader vun deem Forum iwwert d’Shoah kruten déi 90 Leit ënnert anerem méi Informatiounen iwwert Judden, déi wärend dem 2. Weltkrich hei am Land gelieft hunn. De gréissten Deel vun de Judde waren Immigranten, déi an den 30er Jore aus dem Oste koumen, fir hei Protektioun virun den Nationalsozialisten ze sichen. 1.200 vun deene 4.000 Judden, déi hei am Land gelieft hunn, goufen an Zwëschen- oder Vernichtungslageren an Osteuropa deportéiert.
Nëmme ronn 50 Judden aus dem Grand-Duché hunn no hirer Befreiung d’Vernichtungslager lieweg verlooss. Ronn 1,1 Millioun Mënschen, déi meescht vun hinnen ebe Judden, sinn am 2. Weltkrich am Vernichtungslager Auschwitz gestuerwen.
E weidere Sujet um Forum war d’Lutte géint den Antisemitismus an Europa. Beispillsweis kënnt et dacks vir, datt Mënsche mat enger Kippa beleidegt oder ugegraff ginn.
D’Christiane Weber schafft am Arlson Archives, engem däitschen Zentrum fir Dokumentatioun a Fuerschung iwwer déi nationalsozialistesch Verfolgung, grad ewéi den Holocaust. Dësen Zentrum geréiert ee weltwäiten online Archiv iwwert d’Affer an déi Iwwerliewend vum Nationalsozialismus. Am Ganze fënnt een hei Hiweiser vu 17,5 Millioune Mënschen.
D’Zil vum Luxembourg Centre for Contemporary and Digital History, deen de Forum organiséiert huet, ass et, mat der Hëllef vun neie Methoden an Outilen besonnesch déi historesch Fuerschung virunzedreiwen.