PoliceJugendleche menacéiert a beklaut um Belval

Kevin Kayser
E Mann hat dem Jugendleche seng Kopfhörer ofgeholl an dono nach eng Kéier 100 Euro opgeknäppt.
© Brücker Andy

Géint 15.20 Auer hat e Mann e Jugendlechen op der Gare vu "Belval-Université" ugeschwat a menacéiert. De Jonke sollt him seng Kopfhörer ginn, wat de Jugendlechen dann och gemaach huet. Ma domadder war net genuch. De Mann ass him nach an den Zuch nogaangen an huet hien an dësem nach eng Kéier ënner Drock gesat, fir him och nach 100 Euro auszehännegen, wat och geschitt ass. D'Police huet dowéinst eng Enquête lancéiert.

Da mellt Police nach Graffiti, wat un d'Gebai vum Lycée zu Gréiwemaacher geschmiert gouf. Géint 19 Auer um Mëttwoch gouf d'Police alarméiert an d'Beamte konnten no enger kuerzer Sich 3 Jonker lokaliséieren, woubäi ee vun hinne Faarf u senge Schong hat. Ufanks hu si nach ofgestridden, eppes mam Graffiti ze dinn ze hunn, hunn hir Dot awer kuerz Zäit méi spéit zouginn. Eng Enquête gouf ageleet.

Back to Top
CIM LOGO