
D’Police konnt den Täter identifizéieren, lokaliséieren a verhaften, de Mann ass der Police bekannt. Bei him doheem gouf eng Perquisitioun gemaach an et gouf Haschisch séchergestallt.
Géint de jonke Mann gouf Plainte gemaach. D’Affer krut en Handy an eng Mutz geklaut.
Da mellt d’Police nach, datt zu Keel an der Rue Faubourg eng Persoun ermëttelt gouf, déi eng grouss Quantitéit Haschisch bei sech hat. Wéi d’Beamte d’Persoun a weider Leit an hirem Grupp kontrolléiert hunn, goufe nach divers Drogenutensilien a weider Droge saiséiert. Den Auto, wéi all déi aner Géigestänn, déi eppes mat der Dot ze dinn hunn, goufen op Uerder vum Parquet saiséiert.