
E Sonndeg géint 17.40 Auer ass zu Reckeng op der Mess e Jugendleche mat senger E-Trottinett gefall a gouf dobäi verwonnt.
Wéi d'Police mellt, waren éischten Informatiounen no eng Partie Jugendlecher zesummen ënnerwee mat hiren E-Trottinetten, wéi ee vun hinnen d'Kontroll verluer huet a gefall ass. De Jugendlechen huet mussen an d'Spidol bruecht ginn.
D'Police huet dann och d'Gefier kontrolléiert, mat deem en ënnerwee war, an dobäi huet sech erausgestallt, dass d'E-Trottinett esou modifizéiert war, dass se méi séier konnt fuere wéi vum Gesetz erlaabt. D'Trottinett gouf séchergestallt. Och aner Trottinette goufe vun der Police kontrolléiert an et war net déi eenzeg, déi getuned war. Och déi goufe vun der Police saiséiert a weider Ermëttlunge goufen an d'Weeër geleet.