Fuerderung u PolitikJugendparlament: Proffe brauche Formatiounen, fir iPad optimal ze notzen

Lynn Cruchten
Weider gouf et d'Fuerderungen, fir d'Stage vu Schüler ze remuneréieren oder och nach, datt d'Walrecht zu Lëtzebuerg misst geännert ginn.
Jugendparlament: Fuerderungen un d'Politik
Souwuel fir d'Ausbildung, Stagen, Entreprisen an den Tris beim Dreck misst d'Politik ugoen.

Liewensqualitéit, Stagen a Walsystemer. Dës Themen hunn dëst Joer d’Jugendparlament beschäftegt. E Freideg de Moien haten déi Jonk vum Jugendparlament d’Occasioun, hir Vu op dës Sujeten der Chamber virzestellen. A Präsenz vum Chamberspresident Fernand Etgen, dem President vum Jugendparlament Moritz Ruhstaller an anere Politiker huet d’Jugendparlament um Moien dräi Resolutioune virgestallt, déi si iwwer d’Joer a verschiddene Kommissiounen ausgeschafft hunn.

Fuerderunge Jugendparlament / Reportage Nadine Kremer

Déi éischt Resolutioun kënnt vun der Educatiounskommissioun. Ëmmer méi Schoule benotzen Tabletten am Cours, mä vill Proffe wëssen net, wéi een iPad funktionéiert, a wéi een en an de Cours integréiert. Dacks ginn et och Infrastrukturproblemer a Form vu Prisen, déi feelen, eng Internet-Connectioun, déi schlecht geet an ee Manktem un Experten. Dofir fuerdert d‘Jugendparlament obligatoresch Formatioune fir Enseignanten, fir dass déi léieren, wéi den iPad optimal ka agesat ginn. D’Jugendparlament fuerdert dofir och datt an all Schoul d’selwecht mam Tablett geschafft gëtt.

Eng weider Revendicatioun ass digitaliséiert Schoulbicher. Dës sinn ëmweltfrëndlech, interaktiv a kënnen och vu Schüler mat A-Problemer genotzt ginn. Dës Bicher solle fir all Schüler accessibel sinn.

D'Djuna Bernard, Vize-Presidentin vun der Educatiounskommissioun, begréisst dës Propose vun de Jonken.

"Ech mengen, datt mer Tabletten an iPads an de Klassen agesat hunn, hu mer mengen ech e ganz wichtege Schratt an déi modern Zäite gemaach. A mir dierfen elo awer de Moment net verpassen a ganz progressiv un déi Saachen erugoen. An déi modern Unterrichtsformen eis domadder ausernee setzen a virun allem mussen och eis Proffen dee Wee kënne mat begleeden."

Déi zweet Resolutioun vum Jugendparlament goung iwwer Stagë fir Schüler a Studenten. Do soll e Stage vun enger Woch op 4e classique agefouert ginn, fir de Schüler d’Orientatioun méi einfach ze maachen.

Eng weider Fro ass déi vun der Remuneratioun vu Stagiairen. Jugendparlament fuerdert eng progressiv Steigerung vum Loun fir Jonker jee no Bildungsniveau. Ausserdeem fuerdere se eng Primm fir Käschten, déi duerch de Stage ufalen, zum Beispill fir Sécherheetsschung oder aner Materialien.

D’Egaliteitskommissioun huet hier Resolutioun iwwer de Walsystem zu Lëtzebuerg virgestallt. An de leschten 100 Joer huet d’Gesellschaft sech vill verännert. Mä de Walsystem ass dee selwechte bliwwen. Hautzedaags ass nëmmen nach eng Minoritéit vun 43 Prozent vun der Bevëlkerung walberechtegt.

"Wann ee Problemer ignoréiert an net uschwätzt, verschwanne se net. Deemools war de System vläicht gutt, mä eis Gesellschaft verännert sech a mir kënnen eis net zerécklehnen an nokucken an näischt géint déi Demokratiedefiziter ënnerhuelen. Eis Gesellschaft verännert sech. Eis Politik verännert sech an eis Gesetzer solle sech deementspriechend och veränneren."

De Walsystem muss ugepasst ginn, soen déi Jonk. Et sollen alternativ Rechemodeller a Panachage-Systemer analyséiert ginn, Walbezierker nei opgedeelt an de Vott iwwer Bezierker eraus erméiglecht ginn. D’Kandidate fir Walen sollen och just nach zweemol sech dierfen op Lëschte presentéieren. Doduercher sollen nei Gesiichter frësche Wand an d’Chamber bréngen. Ausserdeem fuerderen déi Jonk, d‘Walrecht fir Auslänner a Jonker vu 16 Joer un.

Iddien a Propose Jugendparlament / Reportage Nadine Kremer

Am Mercer Ranking iwwer Ëmweltqualitéit ass Lëtzebuerg just op der 18 Platz. Dat läit virun allem um suboptimalem Transport. D’Autoe stinn ëmmer am Stau, den ëffentlechen Transport ass dacks ze spéit an ëmweltfrëndlech Alternativen, wéi de Vëlo sinn onpraktesch, soen alles déi Jonk vum Jugendparlament. Dat fuerdert an enger Resolutioun iwwer Liewensqualitéit ee bessere Bus- an Zuchreseau an den Ausbau vu Vëlosweeër. Eng weider Iddi fir manner Ëmweltverschmotzung ass d’Aféiere vun enger Vignette, déi seet wéi ëmweltfrëndlech Autoe sinn. Donieft soll et Virdeeler, fir Leit mat méi propperen Autoe ginn, esou dass déi aner op den ëffentlechen Transport ëmklamme missten.

"Et fält engem op, dass een am Alldag ëmmer erëm op Problemer trëfft, wou een net d’Méiglechkeet huet ëmweltfrëndlech ze agéieren. An do ass eiser Meenung no dann d'Roll vun der Politik, ee Kader ze schafen, wou de Bierger net eleng do steet an net déi ganz Responsabilitéit muss droen."

De Plastikkonsum soll reduzéiert ginn. A senger Resolutioun iwwer Gestioun vum Offall fuerdert d’Jugendparlament, datt Supermarchéen ouni Verpackung sollen duerch Subside gefërdert gin. Nëmme 5% vum Offall gëtt recycelt. Do kéint ee nach méi maachen.

Eng weider Resolutioun geet iwwer de Mënschenhandel.

"Ob op de Baustellen, am Restaurant oder ob et sech em ee Camionschauffer handelt, de moderne Mënschenhandel ass iwwerall an eiser Gesellschaft zeréckzefannen. Dir mengt vläicht et ass iergendwou anescht, mä net hei zu Lëtzebuerg, schliisslech ginn et jo nëmmen 9 bekannte Fäll. Mä iwwerleet emol. Wa Leit keng Pabeieren hunn a soumat virum Staat keng richteg Existenz hunn, wéi sollen dann iwwer esou Leit Statistiken opgestallt ginn?"

Virun allem Prostituéiert, Fraen, Kanner a Flüchtlinge wieren dovu betraff.

D’Jugendparlament fuerdert och eng Entkriminaliséirung vu Flüchtlingen an dass si méi séier eng Aarbecht kréien, fir dass si net op de Schwaarzmaart geroden. Esou kéint de Risiko vu Mënschenhandel reduzéiert ginn.

Déi lescht Resolutioun ass iwwer d’Euroskepsis. Vill Leit wéissten net, wat d’EU konkret géif maachen. Dofir sollt fir d’éischt an de Schoulen méi iwwert d’europäesch Unioun informéiert ginn. Et kéint een och de positive Populismus a verschiddene Länner notzen, fir op d’Virdeeler vun der EU hinzeweisen an e gemeinsamen europäesche Sender géint falsch Informatiounen lancéieren.

Back to Top
CIM LOGO