Am RTL-Today-InterviewJuncker net géint Steierpropose vum Frank Engel, mee skeptesch

RTL Lëtzebuerg
De Jean-Claude Juncker ass net géint d’Steierpropose vum Engel, mä weist sech skeptesch a warnt viru Mesuren, déi schlecht virbereet wieren.

"Ech sinn net dogéint nei Quelle vu Revenuen z’entdecken", allerdéngs misst dat "mat Virsiicht virbereet" ginn, sou de fréiere Premier an EU-Kommissiounspresident an engem Interview mat RTL Today an a senger éischter Reaktioun op d’Aussoe vum CSV-President Frank Engel dëse Summer.

Deen hat dofir plädéiert grouss Verméigen méi staark ze besteieren, eventuell och iwwert eng Ierfschaftssteier mat héijem Fräibetrag.

De Jean-Claude Juncker warnt awer "wa Mesuren, déi vu Parteikolleege proposéiert ginn, schlecht preparéiert wieren, da féieren déi zu méi Ongewëssheet".

Wann et awer géing an enger "Atmosphär vu generellem Konsens" gemaach ginn, "da wier dat OK", sou de Jean-Claude Juncker. Den CSV-Politiker gesäit dee Konsens awer net um Horizont.
De Frank Engel hat seng Propose gemaach virum Hannergrond, datt de Staat sech weider verschëllt a gläichzäiteg grouss Immobiliëbesëtzer, ouni ze schaffen, méi räich ginn.

De Jean-Claude Juncker seet, Lëtzebuerg kéint sech deen aktuell "fir lëtzebuergesch Verhältnisser héijen Niveau vun ëffentleche Scholden" leeschten, ënnert der Konditioun, datt déi Sue fir zukunftsorientéiert Investissementer benotzt ginn wéi d’Santé, d’Recherche oder nach d’Defense.

Wann ee se egal wéi a willkürlech verdeelt, da wier et eng "Katastroph" an déi nächst Generatioune géinge "leiden".

De ganzen Interview mam Jean-Claude Juncker gëtt d’nächst Woch op RTL Today diffuséiert. Am Interview ginn ënnert anerem seng politesch Karriär an europäesch Themen diskutéiert, mä de Jean-Claude Juncker äntwert och op eng Rei Froe vun RTL-Nolauschterer a Lieser.

Back to Top
CIM LOGO