De Frank Engel brécht mat der CSV-Positioun vu bis elo a plädéiert fir eng méi staark Besteierung vu Verméigen fir d’Kris ze bewältegen.

Dorënner eng Ierfschaftssteier an direkter Linn, mä mat Fräibeträg.

Frank Engel fir méi héich Besteierung vum Verméigen / vum François Aulner

Déi Aussoen an engem Gespréich mat Reporter féieren zu weideren Divergenzen an der gréisster Partei hei am Land a geheien d’Fro op, wien an der CSV eigentlech d'Linn bestëmmt.

Dowéinst war de Frank Engel e Freideg iwwer Mëtteg mat der CSV-Fraktiounscheffin Martine Hansen zesummen.

“Net ëm Divergenzen, mä déi zukünfteg Gemeinsamkeeten”, wier et bei der Reunioun mam Martine Hansen gaang, sou de Frank Engel no der Reunioun am RTL-Interview.

Den CSV-Parteipresident ass iwwerzeegt: wéinst der aktueller Rezessioun a sozialer Kris, kann de Staat net just méi Scholde maachen, mä muss méi Recettë generéieren. Op kee Fall soll d’Akommes vun der Aarbecht weider belaascht ginn, mä Leit, déi ouni Aarbecht Akommes generéieren. De Fränk Engel bréngt hei d'Ierfschaftssteier an direkter Linn an d'Spill, mä och d'Finanztransaktiounssteier, géint déi d'CSV ëmmer war an d'Rëmaféiere vun der Verméigenssteier fir privat Leit, déi d'CSV 2006 ofgeschaaft hat.

Sief et Grondsteier op Immobilien, wéi och eng Ierfschaftssteier an direkter Linn: op kee Fall sollen déi Landwirten treffen, déi op hirem Land nach schaffen oder Leit, déi eng Parzelle oder eng Wunneng hire Kanner wëllen hannerloossen. Dofir soll et Fräibeträg oder Abattements ginn, sou de Frank Engel.

De kompletten Interview mam Frank Engel
De Frank Engel brécht mat der CSV-Positioun vu bis elo a plädéiert fir eng méi staark Besteierung vu Verméigen fir d’Kris ze bewältegen.