
Dat huet de Gréngen Transportminister François Bausch en Donneschdeg de Moien an der zoustänneger Chamberkommissioun annoncéiert, fir der Kritik en Enn ze sëtzen.
RTL huet nogefrot: Koppel un der Spëtzt vu Findel a Luxair - Keen Interessekonflikt, sou MinisterAm konkrete Fall geet et ëm d’Felicie Weycker, déi de Poste vum President vum Verwaltungsrot vu LuxAirport iwwerholl huet. Si ass och d’Partnerin vum Gilles Feith, Direkter vu Luxair. Iwwer eng Stonn laang hat de CSV-Deputéierte Laurent Mosar en Donneschdeg de Moie Froen zu dësem Sujet, an driwwer eraus.
“Mir stellen eis natierlech fir d’éischt déi Fro, wéi ass et hei mat eventuellem Interessekonflikter. Donieft stellt sech awer och d’Fro vun der Deontologie a vun der Good Gouvernance. Dofir hate mir de Moien déi Kommissiounssëtzung gefrot.”
Déi héich Beamte géingen a 4 bis 5 Conseile sëtzen, mat engem Aarbechtsopwand, dee wuel kaum korrekt ze bewältege wier.
Doriwwer eraus stellt ee sech bei der CSV d’Fro, wéi et mat de Responsabilitéite vun de Beamten ausgesäit. De Minister wéilt reagéieren, wéi de Laurent Mosar erkläert.
“Mir wäerten elo an den nächsten Deeg a Woche mat zwee Avis juridiques befaasst ginn. Deen een iwwert d’Responsabilitéit vun de staatlechen Administrateuren a Privatgesellschaften. An déi Zwee iwwer en eventuelle Risk vun Interessekonflikter tëscht der LuxAiport an der Luxair am Sënn, dass do zwou Persounen op héich responsabele Poste sinn, déi zesumme liewen.”
D’Piraten haten och eng Kommissiounssëtzung zum Thema Cargolux ugefrot. Si wollten de Minister nach emol drop hiweisen, dass de Choix vun der Chistiane Wickler deemools un d’Spëtz vum Verwaltungsrot vu Cargolux aus hirer Siicht dee falsche war. D’Diskussioun Weycker/Feith, déi d’CSV féiert, geet dem Marc Goergen dann ze wäit.