RTL huet nogefrotKoppel un der Spëtzt vu Findel a Luxair - Keen Interessekonflikt, sou Minister

Maxime Gillen
De Mobilitéitsminister François Bausch gesäit kee Probleem doran, wann eng Koppel un der Spëtzt vum Fluchhafen an där gréisster Airline hei am Land steet.
© RTL Archivbild

Dat äntwert de Minister op eis Nofro.

Déi héich Beamtin am Mobilitéitsministère, Felicie Weycker, huet rezent jo de Posten als Presidentin vum Verwaltungsrot vu LuxAirport iwwerholl. LuxAirport SA gehéiert zu 100 Prozent dem Staat an hire Verwaltungsrot hëlt strategesch Decisiounen iwwert d’Entwécklung vum Fluchhafen.

De Minister betount a senger Reaktioun, dass d’Felicie Weycker an där Positioun keng Decisiounen eleng kéint huelen an dass dës Decisiounen déi alldeeglech Aarbecht um Fluchhafen, an domat d’Aarbecht vun hirem Partner, dem Direkter vun der Luxair Gilles Feith, net géife beaflossen.

Vu datt de Verwaltungsrot sech net ëm den operativen Deel vum Fluchhafe këmmert, kéint dësen an den Ae vum Minister, keng Decisiounen huelen, déi zu Gonschten oder Ongonschte vun der Luxair wieren. Derbäi kéim, dass europäesch Fluchhäfen immens streng reguléiert wieren.

Dass kompetent Beamte Member vum Verwaltungsrot wieren an do d’Interessie vum Staat vertrieden, wier allerdéngs evident, esou de François Bausch weider.

Effektiv ass et gängeg Praxis, dass Vertrieder vu Ministèrë Member vu Verwaltungsréit sinn. Grad wann de Staat eng Participatioun an där Societéit huet, sollen dës Beamten do d’Interessie vum Staat promouvéieren.

Dem Minister no kéint deemno keng Diskrepanz entstoen, tëscht den Interessie vun der Entreprise an deene vun engem vun hiren Aktionären, an dësem Fall dem Staat.

Dat weist sech um Beispill vum Tom Weisgerber. Den héije Beamten am Mobilitéitsministère ass nominéiert fir d’Presidence vum Verwaltungsrot vun der Cargolux z’iwwerhuelen.

Am Gesetz, dem Droit des sociétés, géif kloer drastoen, wéi en Administrateur vun enger Gesellschaft sech ze verhalen hätt, an zwar als alleréischt am Interessi vun der Entreprise. Doru misst och den Tom Weisgerber sech halen, esou de François Bausch op eis Nofro. Och hei gesäit de Minister deemno kee Risiko vun engem Interessekonflikt vun enger Persoun, déi zwou awer ganz ënnerschiddlech Kapen ophuet.

Hien ënnersträicht iwwerdeems, dass den Tom Weisgerber esouwuel vun der Regierung, wéi och vun de privaten Aktionären vun der Cargolux als President nominéiert ginn ass. Donieft féiert de Minister déi gutt Entwécklung vun der Lëtzebuerger Cargo-Airline an de leschten 10 Joer ënnert anerem op déi gutt Aarbecht vum Här Weisgerber als Member vum Verwaltungsrot zeréck. Deemno kéint hien net novollzéien, firwat d’Fro vum Interessekonflikt iwwerhaapt géif gestallt ginn, vue déi exzellent Performance vun der Fluchgesellschaft.

Back to Top
CIM LOGO