Analys vum Observatoire de l'habitatJust all véierten eligibele Stot freet Logementshëllefen un

RTL Lëtzebuerg
Wärend der Nationaler Woch vum Logement huet den Observatoire de l'habitat dräi nei Etüde publizéiert.
© RTL

Bal Zwee-Drëttel vun de Locatairen hu Problemer, déi mat hirer Wunneng ze dinn hunn. Dat schreift den Observatoire de l’habitat an enger neier Analys. Bei de Proprietäre mat engem Prêt ass et bal d’Hallschent. Vun de Stéit, déi finanziell manner gutt opgestallt sinn a lounen, hu manner wéi e Véierel uginn, datt si iwwerhaapt keng Problemer mat hirem Logement hunn.

Den Observatoire huet och versicht nozevollzéien, firwat nach ëmmer just all véierte Stot, dee fir Logementshëllefen eligibel ass, déi och ufreet. Hei wier erauskomm, datt 47 Prozent vun de Leit, déi d’Subventiounen net ugefrot hunn, net wossten, datt et där Hëllefe ginn. Dat wiere virun allem Jonker tëschent 19 a 35 Joer gewiescht an Auslänner aus Drëttstaaten. 45 Prozent hätten zwar gewosst, dass et Hëllefe ginn, awer net, dass si selwer eligibel wieren. Dat wieren haaptsächlech Leit tëschent 56 a 65 Joer, Stéit mat 2 Kanner a Leit aus aneren EU-Länner. Et missten Efforte gemaach ginn, fir déi eligibel Populatioune besser z’identifizéieren an d’Kommunikatioun ze verbessere bei deenen, déi net gutt informéiert sinn. Den Observatoire de l’habitat publizéiert iwwerdeems Zuelen zur Constructioun tëschent 2016 an 2022. An där Zäit wier d’Nei-Bebauung vu residentiellen Terraine staark an d’Luucht gaangen. Deemno wieren an deene 4 Joer 17.000 nei Logementer gebaut an 12.000 Logementer ëmgebaut ginn. Et goufen däitlech méi Appartementer wéi Haiser gebaut, respektiv ëmgebaut. 43 Prozent vun der Surface op där gebaut gouf ware virdru Baulücken.

PDF: D’Schreiwes vum Observatoire de l’habitat.

Back to Top
CIM LOGO