Enn Juli waren awer eréischt tëscht 20 a 25 Prozent vun den 129.000 Gesellschaften an ASBLen ugemellt.
De „Luxembourg Business Registers“ rifft dowéinst all déi op, déi sech nach net ugemellt hunn, dat nach ze maachen. Wien den Delai verpasst, riskéiert Amende vun 1.250 bis 1.250.000 Euro.
„Déi Amende kéinten applizéiert ginn, wann déi Demarchen net sollte gemaach ginn“, sou den Direkter vu „Luxembourg Business Registers“ am RTL-Interview. Dem Yves Gonner no wier et awer „nach net de Sujet“. Elo wier een dobäi, d’Leit ze sensibiliséieren an z’informéieren. Enn dës Mounts géing ee „kucken, wéi wäit dat mer weider sinn“.