
De Weekend vum 27. September lancéiert de Kanner-Jugendtelefon eng nei Ausbildungsgrupp a sicht nei fräiwëlleg Mataarbechter. Melle kann een sech iwwert d'Mailadress contact@kjt.lu.
D'Grondausbildung fir als fräiwëllege Mataarbechter hei kënnen ze schaffen, dauert am ganzen 72 Stonnen. Dës Ausbildung ass ëmmer Méindes Owes vu 19-22 Auer bei der Stad an 3x e Weekend, Freides 19-22 Auer a Samschdes 9-12 Auer. Grondausbildung start de 27. September.
Benevole um 1 1 6 1 1 1 Kanner-Jugendtelefon?
Dir hat ëmmer schonn e gudden Drot zu Kanner a Jugendlecher a wëllt iech fir si asetzen?
Dir wëllt iech laangfristeg engagéieren an hutt e puer Stonnen am Mount Zäit?
Dir sidd oppe fir Neies ze léieren a bereet eegen Erfarunge mat anzebréngen an ze reflektéieren?
Dir hutt Loscht op eng praxisorientéiert an interaktiv Fortbildung?
Interesséiert?
Da mellt iech bei eis: contact@kjt.lu
Mir freeën eis op iech.
D’Grondausbildung dauert 72h, ass ëmmer Méindes Owes vu 19-22h no bei der Stad, souwéi 3x e Weekend, dh. Freides 19-22h a Samschdes 9-12h. D’Grondausbildung start mat engem Entscheedungsweekend, de 27.9.