
Spëtzekandidat ass den aktuelle Schäffe Romain Mertzig, och op der LSAP-Lëscht dobäi sinn d'3 sozialistesch Conseillere Gaby Birtz, Guy Brecht a Marco Stoffel. Zu Péiteng mussen d’Parteien d’Lëschte liicht opstocken, well net, wéi bis lo, 17, mee 19 Sëtz am Gemengerot bestëmmt ginn.
Op der Péitenger LSAP-Lëscht si 5 Fraen a 14 Männer - d’Altersmoyenne läit bei 51 Joer.