Täschegeld-ËmfroKanner ënner 14 Joer kréien am Mount ronn 50€

RTL Lëtzebuerg
Bal 1.700 Persounen hu bei der RTL-Ëmfro iwwert d'Täschegeld matgemaach. Niewent dem Täschegeld, gouf och gefrot, wéi vill Geld-Kaddoen am Joer ustinn.

Bei de Kanner/Jugendlechen tëscht 4 an 13 Joer koum en Duerchschnëtts-Täschegeld vun 50,85€ eraus, dat bei enger Unzuel vun 873 Äntwerten. (Beim Rechnen vum Duerchschnëtt goufen  iwwregens Zommen iwwer 1.000€ net mat agerechent.) Iwwert e Fënneftel vun de Befroten (21,3%) ginn un, keen Täschegeld ze ginn, respektiv ze kréien. Dee gréisste Grupp, mat 238 Äntwerten, ass deen tëscht 10-24 Euro. (27,3%)

Hei méi eng detailléiert Opdeelung vun den Äntwerten:

1.000€ oder méi: 21 Äntwerten (2,4%)

Tëscht 500-999€: 12 Äntwerten (1,4%)

Tëscht 200-499€: 25 Äntwerten (2,9%)

Tëscht 100-199€: 54 Äntwerten (6,2%)

Tëscht 50-99€: 162 Äntwerten (18,6%)

Tëscht 25-49€: 134 Äntwerten (15,3%)

Tëscht 10-24€: 238 Äntwerten (27,3%)

Tëscht 1-9€: 51 Äntwerten (5,8%)

Keen Täschegeld: 186 Äntwerten (21,3%)

Bei de Jugendlechen tëscht 14 an 21 Joer läit den Duerchschnëtt vum Täschegeld am Mount bei 151,80€, dat bei 959 Äntwerten. (Beim Rechnen vum Duerchschnëtt goufen  iwwregens Zommen iwwer 2.000€ net mat agerechent.)

Hei méi eng detailléiert Opdeelung vun den Äntwerten:

1.000€ oder méi: 21 Äntwerten (2,2%)Tëscht 500-999€: 42 Äntwerten (4,4%)

Tëscht 200-499€: 187 Äntwerten (19,5%)

Tëscht 100-199€: 266 Äntwerten (27,7%)

Tëscht 50-99€: 249 Äntwerten (26%)

Tëscht 25-49€: 95 Äntwerten (9,9%)

Tëscht 10-24€: 42 Äntwerten (4,4%)

Tëscht 1-9€: 7 Äntwerten (0,7%)

Keen Täschegeld: 53 Äntwerten 5,5%)

Niewent dem Täschegeld, gouf awer och gefrot, wat Kanner a Jugendlecher am Joer u Geld-Kaddoe (Chrëschtdag, Gebuertsdag, asw...) kréien. Bei de 4 bis 13 Järegen kënnt een op en Duerchschnëtt vun 311,91€. 847 Äntwerte goufen heivir ausgewäert.

Hei méi eng detailléiert Opdeelung vun den Äntwerten:
2000€ oder méi: 28 Äntwerten

Tëscht 1000-1999€: 32 Äntwerten

Tëscht 500-999€: 99 Äntwerten

Tëscht 250-499€: 145 Äntwerten

Tëscht 100-249€: 385 Äntwerten

Tëscht 1-99€: 107 Äntwerten

Kee Geld fir Feier- a Gebuertsdeeg am Joer: 54 Äntwerten

Bei de Jugendlechen tëscht 14 an 21 Joer kënnt een op en Duerchschnëtt vun 474,76€ am Joer, wat d'Geld-Kaddoen betrëfft. 909 Äntwerte goufen heivir ausgewäert.

Hei méi eng detailléiert Opdeelung vun den Äntwerten:

5000€ oder méi: 20 Äntwerten

Tëscht 2000-4999€: 34 Äntwerten

Tëscht 1000-1999€: 67 Äntwerten

Tëscht 500-999€: 165 Äntwerten

Tëscht 250-499€: 202 Äntwerten

Tëscht 100-249€: 310 Äntwerten

Tëscht 1-99€: 71 Äntwerten

Kee Geld: 48 Äntwerten

Am Verglach mat enger rezenter Etüd aus Däitschland

Kanner (4-13 Joer) an Däitschland hunn enger neier Etüd vun ënnert anerem dem "Spiegel" an der "Zeit" no ronn 3 Milliarden Euro u Kafkraaft, dat wann een d'Täschegeld a Kaddoen a Form vu Geld (Gebuertsdag, Chrëschtdag...) zesummenzielt. Gefrot goufen hei Kanner tëscht 4 an 13 Joer.

Am Duerchschnëtt kréien d'Kanner 20,52 Euro Täschegeld am Mount, dobäi kommen nach am Joer 158 Euro u Kaddoe fir Feier- oder Gebuertsdeeg.

Der Ëmfro no kënne ronn 3/4 vun de Kanner mam Geld maache wat en se wëllen, hei loossen d'Elteren fräi Hand. 70 Prozent ginn hiert d'Geld fir Séissegkeeten aus, 52 Prozent kafen sech Zeitungen a Comics.

Der Etüd no bleift de Konsum vu Kannerzeitungen an Däitschland weider héich.

Back to Top
CIM LOGO