Kritik vum Conseil de l'EuropeKanner sollen net méi an de Prisong op Schraasseg bruecht ginn

Carine Lemmer
De Comité pour la prévention de la torture vum Conseil de l'Europe huet Lëtzebuerg gläichzäiteg opgefuerdert, méi géint Policegewalt z'ënnerhuelen.

Am Prisong zu Schraasseg däerfe keng Kanner méi ënnerbruecht ginn, dat fuerdert den Anti-Folter Comité vum Conseil de l’Europe.

Vum 27. Mäerz bis de 4. Abrëll war dee Comité zu Lëtzebuerg, fir sech Schraasseg, Dräibuer, d’Unisec an och de Centre neuropsychiatrique zu Ettelbréck unzekucken.

Schraasseg ass e Prisong fir Erwuessener. E wär net adaptéiert fir Kanner an déi Jonk hätten do näischt verluer, kritiséiert de Comité. Schonn 1993 bei der éischter Visitt wär dat bemängelt ginn a bis haut hätten déi Lëtzebuerger Autoritéiten näischt ënnerholl, fir datt dat sech ännert.

Et géif een zur Kenntnis huelen, datt eng Reform vum Jugendschutz an der Maach ass, mä trotzdeem hätte missen direkt Mesurë geholl ginn.

Den Anti-Folter Comité vum Conseil de l’Europe schwätzt och vu Problemer an der Unisec. Tëscht de Jonke géif et alt zu Gewalt kommen a Jugendleche géif gedreet ginn, si géifen an de Prisong op Schraasseg kommen, wa se sech net behuelen.

E weidere Kritikpunkt am Rapport si Fäll vu Policegewalt. Poliziste wären handgräiflech ginn. Riets geet vu Schléi mam Knëppel, mat der Fauscht oder der op de Bak. Och vu Beleidegungen oder Dreeungen, datt een der géif kréien, ass riets. D’Autoritéite misste méi ënnerhuelen, fir sou eng schlecht, polizeilech Behandlung an iwwerméisseg Gewalt ze verhënneren.

Déi Recommandatiounen huet de Comité pour la prévention de la torture vum Conseil de l’Europe op Basis vun der leschter Visitt zu Lëtzebuerg ausgeschwat. Doriwwer eraus heescht et, d’Mesurë fir Kanner vun den erwuessene Prisonéier ze trennen, wieren inakzeptabel an d’Kanner sech selwer iwwerlooss.

Communiqué Conseil de l'Europe

Back to Top
CIM LOGO