
Am Ganzen huet sech de Staat dat bis ewell ronn 14 Milliounen Euro kaschte gelooss. Deen déckste Batz maachen domat d'Fraise fir de Fonctionnement vun der Helpline mat 11,2 Milliounen aus; déi aner 3 Millioune sinn a Campagnen an de Medien, mä och Newsletters oder "Lunchtalks" gefloss.
Bei de ronn 300 Dokteren, déi an hire Cabinete géint de Covid impfen, si bis ewell eng 14.800 Leit vaccinéiert ginn.
Zanter Dezember zejoert sinn d'Ministere Bettel a Lenert net manner wéi 30 Mol virun d'Press am Kontext mat der Pandemie an der Impfcampagne getrueden, parallel goufen et bal 70 Press-Communiquéen an den Impf-Bus war op bal 100 Plaze present, wou sech eng 4.400 Leit dann och géint de Virus sprëtze gelooss hunn.
Fir der Impfcampagne, déi e bëssen ageschlof ass, eng nei Dynamik ze ginn, gëtt op Facebook-Live-Sessioune gesat an op sougenannt "Ambassadeure vun der Vaccinatioun".
All dës chiffréiert Donnéeë liwweren de Staatsminister Bettel an d'Gesondheetsministesch Lenert op eng parlamentaresch Fro vun de Parteikolleegen Di Bartolomeo a Cruchten.
