D'Cour d'appel hat déi zwee Männer zejoert wéinst falscher Zeienausso zu all kéiers 12 Méint Prisong mat Sursis an zu enger Geldstrof vun 3.000 Euro veruerteelt. Si hunn donieft allebéid engem Aarbechtskolleg e symboleschen Euro misse bezuelen.
Deem Mann seng Plainte goung op en Tëschefall am Abrëll 2013 zeréck. Hie sollt deemools, der Ausso vum Chef no, seng Kontrolltournée zu Bouneweg verlooss hunn, fir an eng Apdikt an op e Bancomat ze goen. Wuel hat de Pechert zouginn, an d’Apdikt gaangen ze sinn, net awer op de Bancomat.
Uerteel Pecherten: Prisong op Sursis, Geldstrof an e symboleschen Euro