Nom Feier an der BäckereiKatastroph virum Chrëschtgeschäft

RTL Lëtzebuerg
Et setzt een alles drun, fir an e puer Deeg op d'mannst nees e bëssen eppes an de Vitrinne vun de 16 Geschäfter leien ze hunn.
No Feier an der Bäckerei: Impressiounen e puer Deeg dono
Nodeem et an den Hale vu Jos a Jean-Marie gebrannt huet, war d’Solidaritéit an d’Hëllefsbereetschaft grouss.

Fir d’éischt d’Pandemie, déi fir uerg Lächer an de Keese vu ville Betriber gesuergt huet a kuerz drop steet bannent nëmmen e puer Stonnen engem seng Produktiounshal a Flamen. Genee dat ass der Bäckerei Jos a Jean-Marie geschitt. E Méindeg de Moie war d’Feier an der Firma hannendrun ausgebrach an ass dunn op d’Bäckerei iwwergaangen. De Parquet ass mat den Ermëttlungen amgaangen.

E Méindeg de Moien ass de Feieralarm ausgebrach, dobaussen huet een du gesinn, datt schonn en Deel a Flame stoung. Eng 60 Pompjeeë ware sur place, fir d’Feier ze läschen. D’Solidaritéit ass grouss, jidderee péckt eng Hand mat un.

Back to Top
CIM LOGO