2021 hu sech 11 Leit gemellt, 3 Fraen an 8 Männer. D’Faite ginn op d’Period vum Joer 1940 bis 2009 zréck. Déi meescht Fäll, déi op der Hotline vun der kathoulescher Kierch gemellt goufen, sinn aus de 60er a 70er Joren. Och an den Zuele vun 2021 wier dat ze gesinn. Dee rezentste Fall, dee gemellt gouf, ass aus dem Joer 2009. Beim presuméierten Täter géif et sech ëm e Paschtouer handelen, dee mëttlerweil gestuerwen ass, esou de Generalvikar Patrick Muller.
De Generalvikar huet déi 11 Fäll un de Parquet weiderginn, mat Suitten ass awer net ze rechnen. Et géif een och weider d’Hotline oploossen, et gëtt keng Iwwerleeungen dës zouzemaachen. D’Kathoulesch Kierch zu Lëtzebuerg géif et och begréissen, wann de Staat eng onofhängeg Ulafstell fir Mëssbrauchsaffer géif opmaachen.
An der Kierch gouf och e Preventiounsbeobtraagten agestallt, mam Zil ze verhënneren, datt et iwwerhaapt zu Iwwergrëffer kënnt. D’Personal kritt Formatiounen. Wéi vill dat genee bréngt, kéint een net soen.
Eng 60 Dossieren hätt ee mëttlerweil traitéiert. Eng grouss onofhängeg Etüd ze maachen, wéi et se rezent an Däitschland gouf, fir d’Ëmstänn vun de Mëssbrauchsfäll besser ze verstoen an och ze gesi wien, wat wosst, wier den Ament net virgesinn.
D’Lëtzebuerger Kierch huet och weiderhin e Service wou sech Affer vun Abuse bannent kierchleche Strukture kënne melle, dëst um Telefon 621 676 349 oder op der E-Mail-Adress fir-iech-do@cathol.lu
Wëllt Dir Kontakt mat der RTL-Redaktioun ophuelen, da mellt Iech op dossier@rtl.lu.
RTL News: Sexuellen Abus an der Kierch - Joer fir Joer melle sech nees weider Affer, och zu Lëtzebuerg
RTL News: Ratzinger a Kritik no Mëssbrauchsskandal - Hollerich: Fréier hate Bëscheef keen Ouer a kee Bléck fir dat, wat geschitt ass