Hollerich: Fréier hate Bëscheef keen Ouer a kee Bléck fir dat, wat geschitt ass
© AFP (Archiv)
Den deemolege Äerzbëschof vu München Ratizinger, deen haut als Poopst Benedikt bekannt ass, soll jo vun de Skandaler gewosst hunn
Um Bord vun der Pressekonferenz iwwer de Synodale Wee vun der Kathoulescher Kierch hu mer de Kardinol an Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich och no enger Reaktioun zu de rezente Revelatiounen iwwer de Mëssbrauch an der kathoulescher Kierch zu München gefrot. Als Rappell: Op bal 1.900 Säiten hunn eng 5 Affekote festgehalen, wat tëscht de Joren 1945 bis 2019 zu München a Freising geschitt ass. 497 Affer vu sexueller Gewalt ginn am Rapport genannt, 235 presuméiert Täter. Iwwer Joerzéngte goufen Dote vertuscht an Täter ëmmer nees versat. A 4 Fäll hunn d’Experten e Feelverhale vum deemolegen Äerzbëschof Kardinal Ratzinger festgehalen, de spéidere Poopst soll vu Fäll vu Mëssbrauch gewosst hunn.
"Ech mengen, dass vill Bëscheef fréier einfach keen Ouer haten an kee Bléck haten, wat wierklech geschitt ass. Do ass eng Banaliséierung vum Béise geschitt, wat einfach net erkannt ginn ass. Op do eng grouss Schold bei dem Eenzele läit, dat kann ech net aschätzen. Ech weess, dass de Poopst Benedikt elo een ale Mann ass, deen och d‘Mass net méi selwer hält, hie sëtzt nach just do. An ech gleewen net, dass hie sech un iergendeppes erënnere kann an deem Zoustand. Ech gleewen och net, dass hie selwer do e grousse Statement gëtt, mä dass aner Leit dat maachen. An dat fannen ech schued."
Sou wäit de Kardinol Hollerich zum Mëssbrauchsskandal zu München.