Joer fir Joer melle sech nees weider Affer, och zu Lëtzebuerg
Och zejoert hu sech nees 11 Leit beim Äerzbistum gemellt, well se Affer vu sexualiséierter Gewalt bannent de kierchleche Strukture goufen.
Dëst waren 3 Fraen an 8 Männer.
Eng vun dëse Persoune war groussjäreg zur Zäit vun de Faiten, sou datt 10 Leit nach keng 18 Joer haten, wéi se sexuell belästegt goufen. D'Faite situéiere sech iwwert eng zäitlech Period tëscht 1940 an 2009.
10 verschidde Geeschtlech, respektiv Leit, déi am Déngscht vun der Kierch stinn oder stoungen, ginn als Auteure vun de sexuellen Iwwergrëff bezeechent. All d'Dossieren huet de Generalvikar un de Parquet weiderginn.
4 Affer kruten iwwerdeem vun der Kierch Suen als Dedommagement iwwerwisen, fir dat wat si u Leed hu missten erdroen.
D'Lëtzebuerger Kierch huet och weiderhin e Service wou sech Affer vun Abuse bannent kierchleche Strukture kënne mellen:
dëst ass Freidegmoies iwwer den Telefon: 621 676 349
oder de Mail: fir-iech-do@cathol.lu
Kontaktpersoun ass d'Dokter Martine Jungers.