
D’LSAP ass an de leschte Woche vun enger Rei Leit kontaktéiert ginn, déi Famill an der Gazasträif hunn a sech grouss Suergen ëm si maachen. Déi meescht vun hinne sinn am Süden, zu Rafah, wou dat mënschlecht Leed duerch déi annoncéiert Buedemoffensiv nach méi schro Ausmoosse kéint kréien.
Konkret geet et ëm 18 Famillen, déi froen, datt Lëtzebuerg sech fir hir Léifst asetzt. Rieds geet vu maximal 200 Leit, huet et e Méindeg de Mëtteg op enger Pressekonferenz vun de Sozialiste geheescht. Et hätt ee bei der Regierung intervenéiert, fir dëse Mënschen ze hëllefen, mä eng negativ Äntwert kritt.
Eng Äntwert, déi fir de Franz Fayot, dee fir d’Sozialisten an der aussepolitescher Chamberkommissioun ass, just eng Konklusioun zouléisst:
“Manifestement gëtt et kee politesche Wëlle bei dëser Regierung, fir dat ze maachen. Wéi gesot, mir sinn do op kuerzem Amtswee aktiv ginn a krute confirméiert, datt d’Regierung decidéiert huet, fir hei näischt ze maachen. Dat heescht fir déi Leit net op Lëschten ze schreiwen, fir se evakuéiert ze kréien an awer och näischt ze maachen, fir se hei zu Lëtzebuerg opzehuelen.”
Et hätt een e puer Grënn genannt kritt. Zum Beispill deen, datt d’Regierung kee Prezedenzfall wéilt schafen, wou de Regroupement Familial méi einfach gemaach gëtt an d’Angscht, datt déi betraffe Leit e problematesche Background kéinten hunn. Dat léisst d’LSAP esou net gëllen, well déi Mënschen, déi iwwer Ägypten géifen evakuéiert ginn, géife “gescreent” ginn.
Den Yves Cruchten, deen och fir seng Partei an der aussepolitescher Chamberkommissioun ass, ënnersträicht, datt déi Betraffe méi wéi sécher och net d’Flüchtlingsstrukturen zu Lëtzebuerg géife belaaschten.
“D’Situatioun vun deene Leit ass déi, datt se gutt Chancen hunn, dass se hei kéinte bei der Famill selwer opgeholl ginn. Dofir dierf net de Pretext sinn, fir ze soen, datt eis Strukturen iwwerfëllt sinn. ‘Wo ein Wille ist, ist ein Weg’ an hei verlaange mir vun der Regierung, datt se elo mol gudde Wëlle weist.”
De Franz Fayot betount, datt et ëm Mënschlechkeet a Solidaritéit mat Leit geet, déi a Liewensgefor sinn.
“Dat hei ass eng grav humanitär Urgence, op déi ee muss mat Häerz a mat gesondem Mënscheverstand reagéieren. Et geet hei net ëm administrativ Prezedenzfäll oder ëm Extrawurschten, et geet hei ëm Grondmënschlechkeet an dofir nach eng Kéier den Appell un d’Regierung fir hei aktiv ze ginn.”
Eng ganz Rei aner Länner si schonn aktiv ginn. Dorënner zum Beispill d’Belsch, Frankräich, Schweden, Norwegen, Dänemark oder Holland.
Mir hunn e Méindeg am Nomëtteg bei der Regierung hir Vue vun der Situatioun gefrot, mir waarden allerdéngs nach op eng Äntwert.