
Den Tribunal administratif huet hire Recours nämlech als fondéiert ugesinn an dofir eng Decisioun vum Claude Meisch vun Oktober 2017 annuléiert. Den Dossier muss dann och zréckgoe bei de Minister.
Alles hat domat ugefaangen, dass d'Fra duerch Decisioune vum Tutellesriichter vu Juli an November 2016 Administratrice publique vun 3 mannerjäregen Asyldemandeure genannt gi war.
Am Mäerz 2017 hat si beim Claude Meisch hir Kandidatur gestallt fir den "Accueil socio-éducatif en famille d’accueil ou placement familial".
Virgeschicht = Ausschlosskritär
Deeselwechte Mount hat si eng negativ Äntwert vum Educatiounsminister kritt, well net dorop géif zréckgegraff ginn, fir mannerjäreg Asyldemandeuren opzehuelen. Am September hat de Service Placement familial vum Roude Kräiz der Fra geschriwwen, hir familiär Virgeschicht géif eng Zesummenaarbecht net erlaben. Am Oktober hat de Claude Meisch dunn decidéiert, dass der Fra hir Agrementsdemande net kéint zréckbehale ginn. Am November hat hiren Affekot den Dossier gefrot, deen zu där Decisioun gefouert hat. De Minister hat geäntwert, dass de Placement vun engem eegene Kand en Ausschlosskritär wär, an eng Kopie vum Dossier geschéckt. Am Dezember war d'Fra op d'Verwaltungsgeriicht gaangen.
Deem seng 1. Riichter halen an hirem Uerteel fest, dass weder am entspriechende Gesetz, nach am Reglement d'exécution stéing, d'Placéiere vun engem eegene Kand wär en Ausschlosskritär. Aner Dokumenter, op déi sech de Claude Meisch baséiert hat, fir säi Refus auszespriechen, wäre keng Akten, déi juristesch bindend wären. Den Educatiounsminister hätt seng Decisioun deemno net op eng gesetzlech Dispositioun baséiere kënnen. Dës Dokumenter wäre Circulairen oder internen Direktive gläichzesetzen.
"Ausschlosskritär" ouni legal Basis
Wuel kéinte Ministere sou Direktiven unhuelen, déi kéinten awer kengesfalls Reegelen enthalen, déi iwwert dat erausginn, wat am Gesetz oder an engem Reglement grand-ducal steet, well e Minister seng Muecht soss iwwerschreide géif.
All Direktiv an deem Sënn wär anti-constitutionnelle a sou Dokumenter kéinte keng Basis fir d'Refusdecisioun duerstellen. Déi wär, z'annuléieren, ebe well keng gesetzlech Basis virlouch, respektiv sech op eng falsch legal Basis beruff gouf, sou d'Riichter. D'Fra hätt allerdéngs keng Indemnité de procédure zegutt.