Well Petitionärin net komm assKeen ëffentlechen Debat iwwer Lëtzebuerger WHO-Austrëtt

RTL Lëtzebuerg
Eigentlech sollt e Mëttwoch an der Chamber eng Petitioun debattéiert ginn, déi fuerdert, datt Lëtzebuerg aus der WHO austrëtt.
© RTL Grafik

D’Petitionärin huet awer a leschter Minutt decidéiert, net ze kommen. D’Tania Hoffmann hat an hirer Petitioun gefuerdert, datt Lëtzebuerg aus der Weltgesondheetsorganisatioun austrëtt an d’Verhandlungen iwwer Ännerunge vun den internationale Gesondheetsvirschrëften direkt gestoppt ginn. Ganzer 4.733 Ënnerschrëfte krut d’Petitioun.

Obwuel d’Petitionärin nach en Dënschdeg via Mail confirméiert huet, datt si e Mëttwoch op de Krautmaart kéim, huet si sech dat wuel erëm anescht iwwerluecht an och just via d’sozial Medie matgedeelt, datt si awer net wëlles hätt, ze kommen.

Extrait Claude Wiseler

No 10 Minutten huet de Chamberpresident Claude Wiseler matgedeelt, datt d’Sëtzung ofgebrach gëtt. Ma net just d’Deputéiert haten de Wee op de Krautmaart fonnt, och déi zoustänneg Gesondheetsministesch Martine Deprez war wéinst dësem Debat an d’Chamber komm.

D’Petitionärin huet e Mëttwoch de Moien en oppene Bréif un d’Press geschriwwen, an deem si ënnert anerem erkläert, datt et vun Ufank un net hiert Zil gewiescht wier, wärend 10 Minutte mat den Deputéierten, Kommissiounsmemberen an der Ministesch ze debattéieren, esou wéi et bei all de Petitiounen an der Chamber virgesinn ass. Dës Dauer géif bei Wäitem net duergoen. D’Petitionärin schreift dann och nach, dass si gär op den Debat invitéiert gi wier an net convoquéiert.

Extrait Marc Goergen

Den Deputéierte vun de Pirate Marc Goergen kann dat Verhalen net verstoen. Well d’Leit, déi ënnerschriwwen hunn, hu sech op d’Fra verlooss, datt si hir Interessie vertrëtt, esou den Deputéierten. Zil vun de Petitioune wier, datt eppes bewierkt gëtt. D’Leit, déi ënnerschreiwen, hunn dann och gewëssen Erwaardungen, an da kann et net sinn, datt d’Persoun, déi d’Petitioun areecht, net mat de Politiker wëll diskutéieren.

PDF: Oppene Bréif vun der Tania Hoffmann

Back to Top
CIM LOGO