
D’Hausse vun de Fallzuele vu verschiddene sexuell iwwerdrobare Krankheeten ass manner op eng
exponentiell Hausse vu Fäll zeréckzeféieren, mee vill méi op en neit Gesetz. Zanter Neijoerschdag 2019 besteet nämlech iwwert en neit Gesetz eng Meldeflicht bei sexuell iwwerdrobare Krankheeten. Zanterdeem gi Fäll vu Syphilis, Chlamydien oder Gonorrhoe duebel gemellt. Engersäits vum Dokter, anerersäits vum Labo. De Virdeel vun esou engem duebele System, deen och an de meeschten aneren EU-Länner besteet, ass eng besser Exhaustivitéit vun den Deklaratiounen, besonnesch, well d’Labo-Resultater all digitaliséiert sinn an esou méi einfach kënnen iwwermëttelt ginn.
Am Laf vum Joer 2021 goufen 1.136 Fäll vu Chlamydie registréiert, 417 Fäll vun Tripper an 198 Mol Syphilis, äntwert d’Gesondheetsministesch Paulette Lenert op eng parlamentaresch Fro. An där Äntwert ginn och d’Deklaratioune pro Mount opgelëscht, wou ee gesäit, dass et keng signifikativ Haussë bei de sexuell iwwerdrobare Krankheeten am Land ginn. Och beim HIV oder de viralen Hepatitte wier dat net de Fall. D’Ministesch hält awer drop, dass weider iwwert d’Präventioun misst informéiert ginn, notamment iwwert d’Benotze vun engem Kondom.