
En Donneschdeg de Moien um 11 Auer Lokalzäit ass déi keeserlech Koppel am Chiyoda-Bezierk zu Tokio ukomm.
D'keeserlech Famill an de Lëtzebuerger Haff verbënnt eng laangjäreg a ganz speziell Frëndschaft. Bei der Kréinung vun der Queen Elizabeth II. am Joer 1953 hunn de Grand-Duc Jean an de Keeser sech kennegeléiert. Bei enger Staatsvisitt a Japan huet den deemolege Grand-Duc ënnert anerem d‘Yamanashi-Präfektur besicht.
De Besuch an der Ambassade war e Wonsch vum Keeser. Mat wäisse Chrysanthemen huet d'Koppel sech virun der Foto vum verstuerwene Grand-Duc Jean vernäipt a si hunn hirem gudde Frënd Äddi gesot.
Den Akihito ass nach bis den 30. Abrëll "Tenno", also Keeser vu Japan. Den Dag drop iwwerhëlt den Naruhito.
MAT ARCHIVBILLER: Video op der japanescher Internetsäit FNN Prime.
