EducatiounsministèreKeng Adaptatioun vun de Mesuren an de Schoulen an de Betreiungsstrukturen

RTL Lëtzebuerg
Wéi et an engem Post op de soziale Medien heescht, hätte sech déi aktuell Mesuren aus dem Stufeplang bewäert.
© AFP (Archiv)

Wéinst der aktueller Corona-Situatioun haten de Premier Xavier Bettel an d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert e Freideg op engem gemeinsame Pressebriefing nei Corona-Mesurë bekannt ginn. Am Laf vum Freidegowend huet den Educatiounsministère matgedeelt, datt et bei de Schoulen an de Betreiungsstrukture keng Ännerunge wäert ginn.

Wéi et an engem Post op Facebook heescht, hätte sech déi aktuell Mesuren aus dem Stufeplang bewäert an dofir géingen dës och esou en place bleiwen. Deemno goufen also am Regierungsrot keng nei Mesurë fir d'Educatioun decidéiert.

PDF: Den SEW an d'Unel hu sech e Freideg de Mëtteg an engem oppene Bréif un den Educatiounsminister geriicht

Back to Top
CIM LOGO