GesondheetsministeschKeng Angscht virum Ultimatum vun der AMMD, sou d'Paulette Lenert

Anne Wolff
De Sträit tëscht der Doktesch- an Zänndokteschassociatioun, der Gesondheetsministesch an dem Sozialminister hat rezent en neien Héichpunkt erreecht.
Keng Angscht virum Ultimatum vun der AMMD, sou d'Paulette Lenert
De Sträit tëscht der Doktesch-an Zänndoktesch Associatioun, der Gesondheetsministesch an dem Sozialminister hat rezent en neien Héichpunkt erreecht.

Dat andeems d’AMMD der Paulette Lenert an dem Claude Haagen en Ultimatum gestallt hat: Wann hir Fuerderungen net géingen erfëllt ginn, géif d’Associatioun souwuel de Paiement immédiat net méi ënnerstëtzen, wéi och aus der Nomenclature erausklammen. Mir hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wat déi technesch Fuerderungen da lo fir de Patient bedeiten: Do gëtt et allerdéngs keng kloer Äntwert, et géing een hoffen, dass dat näischt fir de Patient ännert, esou d’Gesondheetsministesch. Éischt Prioritéit wier et , dass de Patient net méi déi Sue virstrecke muss, wann e bei den Dokter geet.

De Sträit tëscht der AMMD, dem Santés- souwéi dem Sécurité-Socialesministère geet op eng App zeréck, déi d’AMMD vun der Firma DHN (Digital health Network) entwéckele gelooss hat. An där Firma ass d’AMMD Associé. D’App sollt de Patienten beispillsweis erméiglechen, Rechnunge bezuelen, awer och Labosresultater ze deelen. Déi ganz Entwécklung vu Software an App hat em déi 4 Milliounen Euro kascht.

D’AMMD fuerdert an hirem Ultimatum bis de 17. Mee elo zwou Saachen:

Éischtens misst d’elektronesch Ënnerschrëft, déi d’Firma DHN entwéckelt huet, um Niveau vun der Agence E-Santé zougelooss ginn, fir medezinesch Dokumenter ze validéieren an onfälschbar ze maachen.

Och den Transfert vun allen Dokumenter, vun Ordonnancë bis Krankeschäiner op d’Agence e-Santé misst zougelooss ginn. Zweetens géif d’Firma DHN och gär vun der finanzieller Ënnerstëtzung profitéieren, déi de Minister vun der Sécurité sociale Claude Haagen Enn Abrëll presentéiert hat, dat sinn 2,1 Milliounen.

Et géing ee sech net erpresse loossen, seet d’Gesondheetsministesch, ma fir si sinn déi zwou Fuerderungen souwisou en Non-Lieu : Si stellt kloer, dass den elektronesche Patientendossier DSP vun der e-Santé an déi vun der AMMD entwéckelt App net a Konkurrenz stéingen, déi App wier villméi eng Méiglechkeet, deen Dossier z’alimentéieren.

Ma et wier ni ofgemaach gewiescht, dass d’AMMD mat hirer Software eng Exklusivitéit um Lëtzebuerger Marché sollt hunn. Do géif et lo effektiv Konkurrenz, awer net vum Staat , mee vun enger anerer Firma. Fir béid Exploitanten géifen awer genee déi selwecht finanziell Kompensatioune gëllen. Dat sinn neierdéngs 625 Euro pro Cabinet fir deen Exploitant, deen d’Software installéiert huet. Dat wieren also déi Enveloppe vun am Ganzen 2,1 Milliounen Euro, déi de Minister Claude Haagen als Incitatioun fir d’Digitalisatioun presentéiert hat.

Deemno geséich een dem Enn vum Ultimatum geloossen entgéint, an och wat déi gefuerdert Signature electronique ugeet, wier ee schonn am Virfeld oppen dofir gewiescht. Souwuel déi finanziell Incitatioune wéi och d’Volontéit, sech iwwert d’Signature electronique eens ze ginn, wier awer scho virum Ultimatum vun der AMMD decidéiert ginn.

Den Ultimatum erkläert sech d’Ministesch domat, dass déi App vun Digital Health Networks bis dato net den erhoffte Succès gehat hätt an et ebe lo Konkurrenz géif.

Effektiv schwätzt d’AMMD an hirem Bréif un d’Ministesch vu finanzielle Problemer, wat déi Firma ugeet.

Back to Top
CIM LOGO