E Méindeg de Moie war de Gesondheetssecteur an d'Kritik un der Paulette Lenert Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

D’Fro ass jo, wat kënnen d’Patiente sech vun de Ministeren erwaarden? Si hunn eis an eng Sakgaass manövréiert a mussen elo kucken d’Situatioun ze deblockéieren. Dat sot den Dr Philippe Wilmes e Méindeg de Moien als eisen Invité vu der Redaktioun, iwwert den Ultimatum, deen d’Dokteren der Regierung gestallt hunn. De Vize-President vun der AMMD fënnt, dass et néideg war e gewëssenen Drock opzebauen, well hei trotz mëndlechem Accord säitens der Regierung, den Dokteren Steng an de Wee geluecht goufen.

Knackpunkt ass jo eng Software fir dem Patient een digitale Bezuel- a Verwaltungssystem z'offréieren, wou alles géing iwwer eng App goen (als Beispill: d'Rechnung vum Dokter, d'Krankeschäiner, d'Rezept fir d'Apdikt, d'Bluttanalysen etc.). D'Doktesch an Zänndokteschassociatioun AMMD hat fir d'Entwécklung vun der Software d'Firma DHN, Digital Health Network, matgegrënnt. Knapp 4 Milliounen Euro wiere vun der AMMD an d'DHN investéiert ginn, well ee sech op d’Wuert vun der Gesondheetsministesch an der CNS verlooss hat. A si géingen elo domat am Reen stoen gelooss ginn, trotz mëndlechen Zousoen an enger lettre d’intention.

Fuerderunge vun der AMMD

D'AMMD huet de Ministeren Haagen a Lenert dofir een Ultimatum gestallt, fir bis de 17. Mee op hir Fuerderungen anzegoen. Éischtens misst d'elektronesch Ënnerschrëft, déi d'Firma DHN entwéckelt huet, um Niveau vun der Agence E-Santé zougelooss ginn, fir medezinesch Dokumenter ze validéieren an onfälschbar ze maachen. Och den Transfert vun allen Dokumenter, vun Ordonnancë bis Krankeschäiner op d'Agence E-Santé misst zougelooss ginn. Donieft géif d'Firma DHN och gär vun der finanzieller Ënnerstëtzung profitéieren, déi de Minister vun der Sécurité sociale Claude Haagen Enn Abrëll presentéiert hat. Fir déi Aide au déploiement wären dem Philippe Wilmes sengem Wëssensstand no eppes iwwer 2 Milliounen Euro budgetiséiert ginn.

War et net naiv z'investéieren op Basis vun engem mëndlechen Accord?

Dir hutt 4 Milliounen Euro investéiert, just op Basis vun enger lettre d'intention an engem mëndlechen Accord. Kéint een der AMMD do net de Reproche maachen, dass dat naiv wier? Et hätt ee fir d'éischt mol op Basis vun enger gudder Iddi investéiert. Heiansdo misst een e gewëssene Risiko huelen, wann een eppes Guddes wéilt starten. Donieft wär een an der Approche gewiescht, dass een dat zesumme mat der Politik géing starten, sou d'Äntwert vum Philippe Wilmes.

De Philippe Wilmes huet Aktiounen ausgeschloss, déi zum Nodeel vum Patient wären, sollt d‘Regierung der AMMD bis de 17. Mee net entgéint kommen. An deem Fall wäerten et Aktioune ginn, bei deenen de Bierger mat abezu gëtt, fir dass jidderee versteet, wou de Schong dréckt, sou den Invité.

Invité vun der Redaktioun: Philippe Wilmes

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.