Reunioun tëscht Syndikater a LuxairKeng Eenegung a Saachen "Cargozenter"

Christophe Hochard
Ugangs August hat d'Luxair-Direktioun matgedeelt, dass si hir Lizenz fir de Cargozenter net méi verlängert.
Keen Eenegung a Saachen "Cargozenter"
Ugangs August hat d’Luxair-Direktioun matgedeelt, dass si hir Lizenz fir de Cargozenter net méi verlängert.

Dat hat fir vill Onsécherheet bei den 1.200 Mataarbechter gesuergt. No enger gewerkschaftlecher Aktioun viru ronn 2 Woche virum Fluchhafen war e Méindeg am Nomëtteg eng weider Reunioun tëscht de Syndikater an der Luxair-Direktioun.

Annerhallef Stonn souzen d’Gewerkschaften OGBL an LCGB mat der Luxair-Direktioun ronderëm en Dësch. Eng Eenegung a Saachen “Cargozenter” konnt allerdéngs keng getraff ginn. Am Dossier hätt näischt bougéiert.

D’Luxair-Direktioun hätt de Gewerkschaftsvertrieder matgedeelt, dat net méi all Decisioun géif an hiren Hänn leien. Et wär elo um neien Employeur, Decisiounen ze huelen. Betraff sinn 1.200 Mataarbechter beim Cargozenter.

Zanter 27 Joer gëtt et de Cargozenter. 3 Acteure wären am Spill, d’Lizenz vun der Luxair ze iwwerhuelen. Ënner anerem wär dat d’Cargolux. Bis Enn vum Mount kënnen Interesséierter sech nach bei lux-Airport als neien Händler vum Cargozenter mellen.

Back to Top
CIM LOGO