
Net elo an net an Zukunft. Dëst äntwert den Educatiounsminister op eng parlamentaresch Fro vum Deputéierte vun Déi Lénk, dem David Wagner an déi hat et a sech an dat absënns wéinst hirer Längt.
Doranner iwwertrëfft den Deputéierte vill aner Volleksvertrieder ëm Längten, well hien dem Minister Meisch net manner wéi 30 Froen stellt, an der Reegel sinn et der nëmmen eng 3 bis 4.
Alles dréint sech ëm d'Formation des Adultes an de Lifelong-learning, notamment och op Basis vun enger anerer parlamentarescher Fro aus dem Dezember, déi och an der Enad, der fréierer Ecole de la 2e chance, fir esou munch Rumouers ënnert dem Personal gesuergt hat. Am Dezember hat och komplett onerwaart den Directeur adjoint Mike Richartz vu sengem Posten demissionéiert.
Den David Wagner freet dann och, ob dës Kënnegung mat senger parlamentarescher Fro ze di gehat hätt. Nee, äntwert de Minister Meisch a seet, datt den Här Richartz aus perséinlechen Ursaache säi Poste geraumt huet - dat mat der Präzisioun, datt als Motiv fir d'Demissioun invoquéiert gouf, datt et e Vertrauensverloscht bannent der Direktioun vun der Enad, also mam aktuellen Direkter Carlo Welfring, ginn hätt.
Wéi gesot, hieft den Educatiounsminister och ervir, datt d'Entitéiten, déi am Lifelong-learning an der Formatioun vun Erwuessenen aktiv sinn, net wäerte matenee fusionéieren, och wann et Enn zejoert op d'mannst eng Reunioun tëscht de Responsabelen aus dem Ministère an den Direktiounen vun Enad an dem Service de la Formation des Adultes ginn hätt, sou wier dëst eng vu ville Reuniounen. Et wiere sech wuel Piste vun Zesummenaarbecht iwwerluecht ginn, mee sécher net mam Wëllen, fir autonom Strukturen zesummenzeleeën - au contraire schreift de Claude Meisch: dës solle weider entwéckelt, verstäerkt a valoriséiert ginn, dat am Kader vun engem strukturéierten Echange tëscht den eenzelen Acteuren.
Ob sech den David Wagner mat dësen Äntwerten zefridde gëtt, bleift ofzewaarden, eng Partie vu sengen 30 Froe goufen net am Detail beäntwert, esou zum Beispill déi, ob eng nei Legislatioun iwwert d'Formation des Adultes an der Maach wier, respektiv eng aner, wouranner den Deputéierte freet, ob et eng Zort Attitüd vu "self-service" vun héije Fonctionnairë géif ginn, déi ganz no hirem Goût géife proposéieren, fir ze legiferéieren.