Et goufe keng nei Infektiounsketten an de Schoulen observéiert an der Woch tëscht dem 17. an dem 23. Oktober. Dat huet den Educatiounsministère e Méindeg de Moien an engem Communiqué matgedeelt. Par contre wär dat awer an enger Maison relais de Fall gewiescht, wou 4 Leit vum Personal sech géigesäiteg ugestach hunn, awer kee Kand. Deemno géingen d'Infektiounszuelen an anere Secteure wéi dem Spidolswiesen an den Alters- a Fleegeheemer zwar an d'Luucht goen, ma net an der Schoul.
An der Woch tëscht dem 17. an dem 23. Oktober goufen et 81 Fäll vum sougenannten Zenario 2, also wou et an enger Klass e Maximum vun 2 positive Fäll gouf a wou d'Source vun der Infektioun onsécher ass an deemno et och net sécher ass, ob si sech ausserhalb vun der Klass ugestach hunn oder net. Am Fondamental waren 11 Schüler an 9 Enseignantë concernéiert. An de Lycéeë goufen 28 Schüler positiv getest a 15 Proffen. An de private Schoule waren et 18 Schüler am Primaire.
Da goufen et am Ganzen an der Woch 291 positiv Corona-Fäll, wou et sécher ass, dass d'Schüler sech ausserhalb vun der Schoul infizéiert hunn. Dës héich Zuel géing natierlech d'Situatioun am ganzen Land erëmspigelen, sou steet et am Communiqué.
An der „École de commerce et de gestion" goufen iwwerdeems eng Rei Enseignanten a Quarantän gesat, well et een eenzege positive Fall beim administrative Personal gouf. Den Tracing do géing lafen. Kee Schüler wär concernéiert. An deem do Fall géing een op eng Decisioun vun der Inspection sanitaire waarden, a well den ECG nëmmen „classes supérieures" offréiert, gouf decidéiert, bis op Weideres den Unterrecht à distance ofzehalen, sou schreift et den Educatiounsministère.
Zanter der Rentrée de 15. September goufe bis ewell zwou Infektiounsketten a Schoule festgestallt, déi am Ganze 4 Schüler a 4 Enseignantë concernéiert hunn. Da goufen et am Ganzen zanter der Rentrée 173 positiv Corona-Fäll bei Schüler a 36 bei Enseignanten, wou d'Source vun der Infektioun onsécher ass. A bei 460 Schüler an 131 Enseignanten, déi positiv getest goufen, hu sech sécher net an der Schoul ugestach.
