Bilan déi Lénk"Keng Regierung vum Triple A, mä éischter eng vun der Triple null"

RTL Lëtzebuerg
Et ass net wouer, datt d'Situatioun hei am Land gutt ass. Déi sozial Problemer ginn ënnert den Teppech gekiert.
Bilan déi Lénk
Déi Lénk hunn en Dënschdeg an der Mëttegstonn de Bilan vum Chamberjoer gezunn.

Dat soten déi Lénk, hir parlamentaresch Fraktioun, déi jo aus zwee Deputéierte besteet, huet en Dënschdeg an der Mëttegstonn de Bilan gezu vum Chamberjoer.

Bilan déi Lénk / Reportage Carine Lemmer

De Logement, de Klima, d'Fro vu Krich a Fridden, d'Verfassung, de sougenannte geheime Casier an déi parlamentaresch Demokratie hunn déi Lénk thematiséiert, mam Fazit: Si si guer net zefridde mat der Regierungsaarbecht a vu Fënstere wäit oprappen, wär guer keng Rieds méi.

Déi Lénk haten an de Restaurant "Chiche" an d'Escher Strooss an der Stad invitéiert. E Restaurant, dee fir eng gelongen Integratioun vu Flüchtlinge steet.

Déi Lénk sti fir méi e soziaalt Lëtzebuerg, sou gesi si et. Et wär keng Regierung vum „Triple A“, mä éischter eng Regierung vun der "Triple null", sot den Deputéierten David Wagner.

D'Wunnengsnout ass e Riseproblem. D'Präisser explodéiere weider. D'Logementsministesch wär zwar voller Tatendrang, géif sech awer op ëffentlech Acteure beschränken, déi bei wäitem net genuch baue kéinten, fir d'Wunnengsnout ze léisen, esou d'Kritiken. Den David Wagner betount: "Dee grousse Problem, dee mer hei zu Lëtzebuerg hunn a wou mer der Meenung sinn, dass dës Regierung net wëlles huet unzepaken, esouwäit mir dat verstanen hunn, ass dee vun der Buedemspekulatioun.

Fir hei Resultater ze erzielen, misst een un de Portmonnie vun de Groussgrondbesëtzer a Spekulante goen. Eng Steier aféieren, dës progressiv erhéijen, schlëmmstefalls misst een enteegnen. Wann dës Regierung dat net wëll maachen, wäert dee Problem net geléist ginn. Béides gläichzäiteg ass schwéier, sou nach den David Wagner, mä dat erkläert vläicht d'Pirouetten déi en am Gaangen ass ze dréinen.

Wat d'Verfassungsreform ugeet, wënschen déi Lénk sech méi Biergerbedeelegung an eng méi déifgräifend Reform, déi de grousse gesellschaftleche Froe vum 21. Joerhonnert Rechnung dréit.
 De Marc Baum: "Wéi d'Fro vun de sozialen Inegalitéiten, déi zu Lëtzebuerg Rekordwäerter zanter dem Enn vum 2. Weltkrich erreechen. Wéi d'Klimafro, dat sinn déi grouss gesellschaftlech Froen a mir mengen och, déi misste sech och an enger Verfassung erëmfannen."

De soi-disant geheime Casier, d'Fichiere vu Police a Justiz, weist fir déi Lénk, datt ee scho relativ wäit an engem Staat wär, dee seng Bierger kontrolléiert. Vun den Äntwerte vun de grénge Ministeren ass den Deputéierte Marc Baum guer net begeeschtert. Verschidden Aktivitéite vum Geheimdéngscht wären zanter dem SREL-Skandal lues awer sécher bei d'Police verlagert ginn, seet de Marc Baum. "Ee vun deenen 2 grénge Ministeren, de Justizminister Félix Braz, ass komplett depasséiert, wou en eng Kéier net weess, ob e sech hannert der Procureur générale soll verstoppen a gläichzäiteg an der Chamber seet, e misst sech viru si stellen."

Déi Lénk haten d'lescht Woch d'Chamber, zesumme mat der ganzer Oppositioun, verlooss. Dat war déi absolut richteg Decisioun, fënnt och haut nach ëmmer de Marc Baum, well se zeréckgeet op d'Violatioun vum Chambersreglement duerch de Chamberspresident. "Dat ass a mengen Ae ganz grave an nach méi grave ass, wann e Chamberspresident, deen déi representativ Demokratie vertriede muss, ëffentlech seet: Mer brauchen net ofzestëmmen, well mer wësse jo wéi et ausgeet."

Da wär den eenzelen Deputéierten an dat wat e seet, näischt méi wäert, beschwéiere sech déi Lénk. D'Nei-Oplo vu Blo-Rout-Gréng kritt vun hinnen op alle Fall keng "bonne note". "Gambia 1 ass ugetrueden domadder, fir d'Fënsteren grouss opzemaachen. Gambia 2 ass de Moment am Gaangen,  déi oppe Fënsteren zwar vläicht oppen ze loossen, mä d'Rollluede ganz ferme erofzeloossen", sou nach de Marc Baum.

Back to Top
CIM LOGO