Schoulbusser sinn net weiderkommKeng Schoul zu Gréiwels an der Gemeng Groussbus-Wal

RTL Lëtzebuerg
Wéinst dem Schnéi fält d'Schoul zu Gréiwels an der Gemeng Groussbus-Wal och um Donneschdeg aus, dat gouf kuerzfristeg decidéiert.

D’Schoulbusser kéinten an dësem Wieder net fueren, ënnert anerem well am Heischtergronn den Trafic duerch blockéiert Camionen zum Stëllstand koum. D’Eltere goufe kontaktéiert. Genee wéi e Mëttwoch wier och en Donneschdeg den Accueil d’urgence fir d’Schüler garantéiert, heescht et vun offizieller Säit.

Iwwerdeems hat d’Gemeng Déifferdeng hir Awunner informéiert, dass de Schoulbus fir bei d’Primärschoul zu Zowaasch net géing fueren. D’Kanner sollten awer an d’Schoul kommen. Den Accueil war assuréiert.

Back to Top
CIM LOGO