Invité vun der Redaktioun (21. Februar) - Gérard Albers"Keng sozial Schiflag, ma nei Problemer wéi de Logement fir Jonker"

Pit Everling
En Donneschdeg de Moie war de Gérard Albers vun der Fedas eisen Invité vun der Redaktioun.
VIDEO: Invité vun der Redaktioun: Gérard Albers
En Donneschdeg de Moie war de Gérard Albers vun der Fedas eisen Invité vun der Redaktioun.

D'Fedas, d'Federation des acteurs du secteur social au Luxembourg, huet ronn 160 Memberen. Dat sinn Associatiounen a Fondatiounen aus dem soziale Secteur, déi insgesamt eng 800 Mataarbechter beschäftegen.

D'Fedas hëlleft hire Membere bei administrativen Aufgaben, organiséiert Weiderbildungen a representéiert hir Memberen no baussen.

De Gérard Albers mengt net, dass et zu Lëtzebuerg eng sozial Schiflag gëtt, wéi dat verschidde Gewerkschafte behaapt hunn.

A sengen Ae mécht d'Gesellschaft den Ament awer eng staark Entwécklung. D'Familljen hätten sech verännert a géife sech Froe stellen, déi virun e puer Joer nach keen Thema waren, wéi zum Beispill de Logement fir Jonker.

D'Fedas setzt sech ënnert anerem fir eng flexibel Legislatioun an, déi et den Acteuren erlaabt sech un d'Realitéite vun der Sozialaarbecht unzepassen.

En Donneschdeg de Moie war de Gérard Albers vun der Fedas eisen Invité vun der Redaktioun.

*Federation des acteurs du secteur social au Luxembourg

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides kuerz no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren

Back to Top
CIM LOGO