Den Educatiounsminister Claude Meisch krut bal en Drëttel manner Stëmme wéi nach 2013. Dat schwaacht Walresultat vum Educatiounsminister weist, datt d'Leit net averstane si mat senger Schoulpolitik, sou de Syndicat fir Erzéiung a Wëssenschaft vum OGBL.
"Mir stelle keng personell Fuerderung, mä et ass kloer, dass den aktuellen Educatiounsminister duerch säi perséinlecht Walresultat vum leschte Sonndeg, ofgestrooft gouf", dat sot de President vum SEW e Mëttwoch de Moien.
Hien huet sech enttäuscht gewisen, dass d’Schoulpolitik an der Walcampagne kaum bis keen Thema bei de Parteie war. Dofir wier et ëmsou wichteg, dass d’Educatioun en Thema vun enger ganzer neier Koalitioun gëtt.
Vill vun de Strukturreformen hätten net gegraff an dowéinst wier elo héich Zäit, ze analyséieren wat net fonctionnéiert an nozebesseren. An dat, andeems endlech mat de Leit um Terrain, also dem Schoulpersonal geschwat gëtt, wéi den Patrick Arendt vum SEW de Mueren ënnerstrach huet.
Hei wier en déiwe Gruef entstanen tëscht Schoulministère an Enseignanten. Dofir wiere positiv Signaler, elo immens wichteg, well d’Schoulpersonal sech dem Patrick Arendt no am Stach gelooss fillt. D’Problemer hätte sech a leschter Zäit op alle Fall accentuéiert. Dësen Dialoge a ganz besonnesch eng Reform vum Stage wiere wichteg fir den Beruff vum Enseignant ze valoriséieren, a nees attraktiv ze maache fir Jonker.
Den neien Educatiounsminister, och wann deen nees Claude Meisch géif heeschen, misst sech nees vill méi mat der eigentlecher Pädagogie befaassen – mat der Fro, wéi mer eigentlech Schoul wëllen halen a wéi d’Schüler besser erreecht kënne ginn.
E Mëttwoch de Moie war den SEW-President Invité vun der Redaktioun.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides kuerz no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.