"Safety First - Sécherheet am Internet"Kënschtlech Intelligenz: Hëllef an Onsécherheet an engems

Tim Hensgen
An eiser Serie "Safety First" stelle mer Iech verschidde Begrëffer vir, déi engem am Internet-Alldag sollte bekannt sinn.
Safety First: Kënschtlech Intelligenz
Wat ass déi Kënschtlech Intelligenz a wéi kann ech se erkennen?

D’KI, also déi kënschtlech Intelligenz, fänkt eréischt kleng un an awer ka se scho ganz villes, wat engem d’Liewen erliichtere kann. Esou kann d’KI zum Beispill déi kognitiv Fäegkeete vun engem Mënsch imitéieren. Dëst passéiert doduerch, datt déi technesch Systemer esou programméiert goufen, datt si hir Ëmwelt kënnen analyséieren, Aufgabe selwer léise kënnen an datt si sech och weiderentwéckelen. D’KI erméiglecht et awer och, vill verschidde Prozesser ze automatiséieren.

A ville Beräicher kënnt se antëscht an den Asaz. Een Thema, wat mer schonn ugeschwat hunn, sinn d’Deepfakes, wou d’KI computergeneréiert Biller a Videoen hierstellt. Och hei verbessert sech d’Kënschtlech Intelligenz ëmmer méi, esou datt hir generéiert Biller ëmmer méi echt ausgesinn. Ma och bei den Algorithmen op de verschiddenste Plattforme kënnt se antëscht an den Asaz a generéiert dëst fir d’Entreprisen, déi d’Säiten hunn.

Wärend d’KI op der enger Säit Programmer bedreift, déi Fake News an Desinformatioun produzéieren, ginn et op der aner Säit Servicer, déi op KI zeréckgräifen, fir eben dës falsch Noriichten opzespieren.

Am Internet fënnt een awer och KI-Detekteren, déi engem hëllefen, fir Saachen a Säiten, déi vun enger KI erstallt goufen, ze erkennen. Och kann een de Contenu, wann ee sech net sécher ass, ob e vun enger KI erstallt gouf oder net, no journalistesche Standarden iwwerpréiwen an nokucken. Och déi aktuell Regulatioune vun der EU, den AI ACT, kann engem eng gutt Hëllef sinn, wann ee sech iwwert déi kënschtlech Intelligenz wëll informéieren.

Back to Top
CIM LOGO