
De Kierchefong fillt sech ausgebremst vum Logementsministère, fir neie soziale Wunnengsbau ze schafen. Sou heescht et an engem rezenten Artikel am Lëtzebuerger Wort.
Et géif un de néidegen Ënnerschrëfte vu Säite vum Ministère feelen, fir iwwer 240 Wunnenge subventionéiert ze kréien. De Ministère wéilt d’Subventionéierungscritèren änneren, wat de Kierchefong net verstoe kann. Et géif scho prinzipiell Accorde ginn, déi elo net méi agehale ginn.
Den Hannergrond firwat de Kierchefong zanter e puer Joer deels massiv an de soziale Wunnengsbau investéiert, wier séier erkläert, sot eis de Philip Mauel, de Responsabele vum Fong. Et hätt een einfach vill Chargen, déi ze bezuele wieren, dowéinst musst een esou handelen. Sou wäit, sou gutt.
Projete fir eng 245 Wunnengen huet de Kierchefong zanter leschtem Joer dann och beim Ministère eragereecht fir eng Subventionéierung. Genee do hickt et awer den Ament, de Ministère wëll nämlech d’Critèren änneren, obwuel et deels schonns Konventiounen oder Prinzipsaccorde géif ginn.
Sou dass de Kierchefong fir den Ament op de Käschte sëtze bleift, obwuel een eben iwwert de subventionéierte Wee wollt Wunnengsraum schafen. D’Manéier vum Logementsministère fir valabel Konventiounen elo wëllen of ze änneren, jugéiert de Philip Mauel als en éischter komesche Wee. Et hätt een e grousse Patrimoine ze geréieren an d'Chargë misste gedeckt ginn, wéi gesot.
Riets ass beispillsweis dervun dass d’Lafdauer vun der Konventioun vun 20 op 40 Joer soll gehuewe ginn, oder dass déi iewescht Grenz vum Loyerspräis soll flexibiliséiert ginn.
De Kierchefong sicht den Ament dann och no Alternativen, an huet scho beim Fonds du Logement ugeklappt, wéi een eventuell kéint zesummeschaffen.
Op Nofro hin huet een d'Aussoe vum Kierchefong de Mëtteg am Logementsministère e bësse relativéiert.
Et wier richteg dass een d'Dauer vun der Lafzäit vun de Konventioune vun 20 op 40 Joer gehéicht hätt. Et wier eng Zorte Precautiounsmesure, fir dass déi zu 70 oder 75% subventionéiert Wunnengen och effektiv 40 Joer laang Sozial-Wunnenge géife bleiwen. Eng Konventioun gouf dann ewell och ënnerschriwwen, déi op 40 Joer leeft.
Dernieft géif een am Ministère eben driwwer nodenken, fir déi iewescht Grenz vun de Loyerspräisser net méi just op 10€ pro m2 limitéiert ze loossen, mä dass een hei wéilt iwwert eng Flexibiliséierung vun deem Plafong nodenken. 10€ de m2 wier landeswäit gekuckt, op ville Plazen einfach ze deier. Als Beispill : de Fonds du Logement verlount an der Moyenne gesinn, fir eng 5,6€ de Metercarré.
Et stéing iwwerdeems awer net zur Dispositioun, dass een sech un aktuell Engagementer net géif halen, heescht et aus dem Logementsministère.