DouaneKiloweis Rauschgëft saiséiert a Schmuggler festgeholl

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Douane e Freideg matgedeelt huet, sinn hinnen e puer Ki géint d'Drogekriminalitéit gelongen.
© Douane

290 Kilo Haschisch

Bei enger Camionskontroll Ufank Januar dëst Joer ass den Douaniere mat Hëllef vun hirem mobille Röntgenapparat e Camion aus Spuenien opgefall. D’Gefier hat eng agebaute Stopp ënnert der normaler Charge. Bei der Kontroll koumen dunn net manner wéi 290 Kilo Haschisch zum Virschäin.

Op Uerder vum Parquet goufen d’Droge séchergestallt an de Camionschauffer festgeholl. Hie koum virun den Untersuchungsriichter.

179 Kilo Cannabis

Enn Januar gouf e Camionsunhänger kontrolléiert, deen a Richtung Gent an der Belsch ënnerwee war. Den Drogesichhond Dino huet ugeschloen an de Beamten ze verstoe ginn, datt Droge verstoppt wieren. Doropshi goufen 179 Kilo Cannabis entdeckt.

Op Uerder vum Parquet goufen d’Droge saiséiert an eng Enquête lancéiert.

100 Gramm Heroin an 100 Gramm Haschisch

Am Februar konnt dunn een Drogeschmuggler an engem Zuch aus der Belsch vun Douaniere gestallt ginn. Den Drogesichhond Gwen huet de Beamten Zeeche ginn, dass ënnert de Passagéier am Zuch een e méi speziellt Gepäck bei sech hat. Dëse gouf kontrolléiert, a ronn 100 Gramm Heroin an 100 Gramm Haschisch souwéi 100 Gramm vu Streckmëttel an 1.740 Euro Boergeld goufe séchergestallt.

Och hei gouf de Mann op Uerder vum Parquet festgeholl a koum virun den Untersuchungsriichter.

Back to Top
CIM LOGO