Police-BulletinKläpperei beim Rond-point Gluck a flüchtege Chauffer gestoppt

RTL Lëtzebuerg
Kuerz no 4 Auer an der Nuecht op e Samschdeg gouf der Police eng Kläpperei tëscht eng Partie Leit beim Rond-point Gluck an der Stad gemellt.
© RTL Archiv

Op der Plaz gouf d’Police op en Auto opmierksam, an deem e Chauffer geflücht war. Den Alkoholtest vum Automobilist war positiv an de Permis gouf agezunn. D’Kläpperei gouf och protokolléiert.

Weider Fürerschäiner agezunn

Kuer no 22 Auer koum et um CR112 tëscht Tënten a Simmer zu engem Accident tëscht engem Auto an engem Bus. Dem Buschauffer no hat den Automobilist sech nom Accident duerch d’Bascht gemaach. Kuerz Zäit drop hat hie sech bei der Police gemellt. Den Alkoholtest war och hei positiv, esou datt de Permis agezunn an e Protokoll erstallt gouf.

Géint 7 Auer um Samschdeg war der Police e Chauffer gemellt ginn, deen um Belair hannert dem Steier vu sengem Won matten op der Fuerbunn geschlof huet. Den Alkoholtest war deementspriechend positiv, de Fürerschäin gouf agezunn an d’Gefier immobiliséiert.

Alkoholkontrollen op Uerder vum Parquet

An der Nuecht vun e Freideg op e Samschdeg huet d’Police op Uerder vum Parquet Alkoholkontrollen tëscht dem Boulevard Joseph II an der Place Winston Churchill, der Route d’Echternach an der N11 souwéi an der Rue de Neiduerf duerchgefouert.

Vun 146 kontrolléierte Chauffere war d’Resultat bei 10 Stéck positiv. 1 Mol gouf eng Verwarnung ausgeschwat, 9 Mol gouf protokolléiert an an 2 Fäll gouf de Permis agezunn.

Back to Top
CIM LOGO