Police sicht no ZeienKläpperei leschten Donneschdeg am Park Monterey

RTL Lëtzebuerg
Viru ronn enger Woch waren an der Géigend vun der Spillplaz mam Pirateschëff Leit, déi sech kannt hunn, unenee geroden.
© Flickr

Onbedeelegt Persoune sinn dunn awer dotëscht gaangen an hu probéiert, d’Situatioun ze berouegen. Well d’Police de genaue Verlaf vun der Situatioun wëll opklären, sicht een no Zeien, mä haaptsächlech no deene Persounen, déi beim Sträit agegraff hunn. Dës solle sech bei der Stater Police um (+352) 244 40 1000 respektiv per Mail op Police.LUXEMBOURG@police.etat.lu mellen.

Back to Top
CIM LOGO