Manner Ressourcë verbrauchen, manner Emissioune produzéieren, Energie spueren a gläichzäiteg rentabel a kompetitiv sinn. D’Erausfuerderunge fir Betriber sinn an der aktueller Energiekris net méi kleng ginn.
Ma fir grad déi kleng a mëttelgrouss Entreprisen dobäi z’ënnerstëtzen, huet d’Regierung elo de Klimapakt fir Betriber lancéiert. Dëst sinn net onbedéngt nei Mesuren, ma all d’Offeren an Hëllefe vun de verschidde Ministèrë ginn hei zesummegeluecht, fir den Accès fir d’Betriber dorop méi einfach ze maachen, wéi d’Ëmweltministesch Joëlle Welfring erkläert.
“Et geet hei also drëm, net nëmme finanziell Ënnerstëtzung, déi mer schonn hunn, méi kloer duerzeleeën, mee et geet och drëm, en Encadrement unzebidden, eng ganz kloer Berodung. Well nëmmen dann, wann ee grad bei klengen a mëttel Betriber wierklech de Kümmerer gëtt, an och do hu mer wierklech mat der Luxinnovation an och mat der Klima-Agence Leit mat Erfarung dediéiert, déi sech wäerten ëm d’Betriber këmmeren, fir do Offeren, fir ze dekarboniséieren, unzebidden. Et geet hei drëm, aus de fossillen Energien erauszeklammen, Alternativen ze proposéieren, awer och Kreesleef ze schléissen. Well och Ressourcëschutz ass Klimaschutz a Klimaschutz ass eisen Zukunftsschutz. Dat heescht, et geet wierklech drëm, a verschiddene Richtungen hei gemeinsam ze schaffen.” Ouni déi ronn 36.000 kleng a mëttelgrouss Betriber hei am Land wieren d’Klimaziler bis 2030 net anzehalen, esou de klore Constat vum Mëttelstandsminister Lex Delles.
“Ebe grad ouni dës Betriber alleguerten ass et net méiglech oder schwéier virstellbar, en effikasse Klimaschutz kënnen ze maachen, et sinn nämlech grad déi kleng Betriber, déi engersäits d’Wäermepompelen installéieren, déi d’Fassaden isoléieren oder awer och Solarpannelen opriichten. Op där anerer Säit hu mer awer grouss Erausfuerderungen an de Froen, fir Produktiounsprozesser ze dekarboniséieren, respektiv Halen a Gebaier ze dämmen an awer och d’Mobilitéit vun all deene klenge Betriber eng Kéier op de Leescht ze huelen an ze kucken, fir se kënne méi klimafrëndlech ze organiséieren.”.
Dowéinst missten och déi klengsten Entreprisë mat an d’Boot geholl ginn, fir d’Emissiounen an de Ressourcëverbrauch ze reduzéieren, fannen d’Ministere fir Ëmwelt, Energie, Wirtschaft a Mëttelstand, déi dofir elo de Klimapakt fir Betriber an d’Liewe geruff hunn.
Eng vun de gréisste Schwieregkeete fir d’Betriber wier, fir déi richteg Ënnerstëtzung ze fannen, esou d’Directrice vu Luxinnovation, Sasha Baillie.
“Den Haaptsouci ass dee fir richteg orientéiert ze ginn, keng Zäit ze verléieren. Et ass ganz vill Knowhow do, hei am Land. An ech mengen duerch eis Kartographie kréie mer och déi gesamt Iwwersiicht dovunner. Mä de Wee bei déi richteg ze fannen ass schwéier. An dofir musse mir alleguer, net nëmmen eng Luxinnovatioun, mä all déi verschidden Organisatiounen dofir fir de Betrib ze verstoen an am beschten ze beroden a bei déi richteg Ënnerstëtzung ze guidéieren.”
Eng vun den Offeren ass dann zum Beispill eng Iwwersiicht iwwert alleguer d’Acteuren, déi zu Lëtzebuerg am Beräich vun der Nohaltegkeet aktiv sinn. Donieft kann een eng detailléiert Berodung vun engem Expert dozou kréien, wéi de Betrib sech méi nohalteg opstelle kann, wéi de Mëttelstandsminister Lex Delles erkläert.
“Si mussen also net selwer alles erschaffen an hirem Betrib, nee, si hunn een, dee bei se kënnt an hinne konkreet weist, wéi se kënne verschidde Saache beschtméiglecht ëmsetzen an awer och déi individuell Gegeebenheete vun hirem eegene Betrib mat gekuckt ginn, fir dann d’Ëmsetzung kënnen ze maachen.”
Et wier eng schwiereg Zäit fir d’Betriber an dowéinst wier et fir si och e wichtege Moment, fir déi richteg Investitiounsdecisiounen ze huelen, esou nach den Energieminister Claude Turmes. A mam Klimapakt sollen de Betriber dës Decisiounen esou einfach wéi méiglech gemaach ginn.
Och d’Klima-Agence huet weider Leit agestallt, fir d’Betriber z’ënnerstëtzen. Ënnert anerem wëll een hei e Katalog u Mesuren opstellen, déi Betriber direkt kënnen ëmsetzen an d’Offer vum Klimapakt lokal a regional presentéieren, dat heescht d’Informatioune méiglechst no bei d’Leit bréngen.
Am Fréijoer soll dann och en extra Site dofir an d’Liewe geruff ginn. Bis dohi kënnen d’Betriber sech u Luxinnovation an d’Klima-Agence direkt adresséieren.