
D'Sprangschlass gouf op eemol aus dem Näischt eraus vun enger staarker Loft erfaasst a ronderëmgeschleidert. 4 Kanner tëscht 5 an 9 Joer goufen heibäi blesséiert a koumen no enger Behandlung op der Plaz an eng Kannerklinik.
Op Nofro bei der Meteolux konnt een dëst Wiederphenomen als "Kleintrombe" identifizéieren. Dëse klenge Wierbelstuerm kann net virausgesot ginn a kann och net vun de Miess-Instrumenter erkannt ginn, dat well et e Wand ass, deen nëmme ganz kuerz a punktuell optrëtt an nees verschwënnt.
Éischten Erkenntnisser no war d'Sprangschlass esou geséchert, wéi dëst virgesinn ass. De Parquet gouf informéiert an eng Enquête gouf an d'Weeër geleet.