
D'Déierchen hat sech därmoossen an engem Drot verfaangen, datt et eleng net méi do erauskoum. Nodeems d'Rettungsekipp vu 5 Leit d'Réi fonnt huet, gouf et mat Hëllef vun engem Bolzeschneider aus senger mësslecher Situatioun befreit.
Dat blesséiert Déier koum duerno op Diddeleng an d'Statioun fir Wëlldéieren.