
Crèchen, Maisons relaisen a Jugendhaiser spillen eng ëmmer méi wichteg Roll an der Erzéiung vu Kanner a Jugendlechen. Dem Jugendgesetz vun 2016 no sollen déi Jonk an dëse Strukturen net just betreit ginn, mee et soll och een non-formale Bildungsoptrag erfëllt ginn. Aktuell leeft eng Pilotphas, fir d’Qualitéit vun der Formation continue an deem Beräich ze verbesseren.
Dës Phas leeft schonn zanter dem 1. Januar 2022 a wäert nach bis Enn 2024 daueren. Am Gesetz vun 2016 ass festgeschriwwen, datt déi iwwert 10.000 Beschäftegt aus dem non-formale Bildungsberäich 32 gratis Stonne Formation continue an engem Zäitraum vun zwee Joer absolvéiere mussen. Ma réischt zanter leschtem Joer existéiere Krittären, wat de Contenu vun deene Course an d’Qualifikatioun vun de Formateuren ubelaangt. Hei schafft de Staat iwwert eng Cellule de qualité beim Service national de la jeunesse mat sechs Agencen zesummen. Den SNJ-Direkter Georges Metz erkläert, wéi deen neie System funktionéiert.
“Dës Agencë kréien een Optrag vum Ministère, fir eng Offer auszeschaffe fir de Secteur. Dat heescht, d’Agencë konzipéiere Formatiounsmodullen, an déi mussen natierlech dem Besoin vum Secteur entspriechen an och de Prioritéite vum Ministère. An et sinn och dës Agencen, un déi d’Crèchen an d’Maisons relais sech wende kënnen, wa se Besoin hunn u Formation continue vläicht op Mooss ze kréie bei sech.”
Bei deene sechs Agencen handelt et sech ëm d’Caritas, d’Croix Rouge, elisabeth, Fedas, focus an Inter-actions. Dës beschäftegen d’Formateuren net, mee gi se sichen. Dat kënnen Independanten, SARLen oder ASBLe sinn. Bezuelt gi si vun den Agencen, déi d’Suen zum Schluss vum Joer vum Staat rembourséiert kréien. Fir 2023 sinn dofir e bëssi méi wéi sechs Milliounen Euro virgesinn. Wat déi konkret Offer vun de Formatiounen ugeet, sou wier déi breet gefächert.
“Dat geet ganz an den Detail, Beweegungsspiller mat de Kanner wier zum Beispill eppes. Mä awer och, wéi strukturéieren ech eng gutt Zesummenaarbecht mat den Elteren? Wat maache mer, fir de Kanner d’Iwwergäng ze erliichteren, wa se vun der Crèche an d’Maisons relais ginn?”
Et wier net vu Muttwëll gewiescht, méi streng Qualitéitskrittären anzeféieren, well virdrun eng Partie Formateuren ënnerwee gewiescht wieren, déi net déi néideg oder net déi passend Qualifikatioun haten. D’Zuel vu Kritiker ënnert de Formateuren hätt sech staark a Grenze gehalen, et wier just “ee Grapp voll Leit” gewiescht. Zanter Mëtt d’lescht Joer hätt sech kee méi beim SNJ gemellt. Déi grouss Majoritéit géing et appreciéieren, datt elo méi Stonnen ugebuede ginn a si domat méi Aarbecht hunn.