
Aktuell zielt d'Land 10 Spideeler, woubäi dës Strukturen op eng Dose verschidde Sitte verdeelt sinn an eng ronn 2.700 Spidols-Better disponibel waren. Domat komme knapp 4 Spidolsbetter op 1.000 Awunner.
Et ass dem neie Spidolsgesetz no awer nach Sputt no uewen, sou datt d'maximal Capacitéit vu Spidolsbetter vun dësem Joer u kann op eng 3.550 eropgeschrauft ginn, wouvunner der eng 2.550 Akut-Better wieren.
Der aktueller Carte Sanitaire no, déi dësen Dënschdeg vum Santésministère publizéiert gouf, geet d'Zuel vu Spidolsdokteren natierlech och stänneg weider an d'Luucht, fir sech aktuell op eng 1.500 Medezinner ze belafen - alles an allen schaffen an de Spideeler eng 10.500 Fraen a Männer, déi d'Patienten betreien oder am administrative Beräich aktiv sinn.
D'Zäit, déi e Patient an den Urgencë verbréngt, bleift bei ronn 3 Stonnen an der Moyenne héich, iwwerdeem nëmme 14% vun alle Leit no der Admissioun an der Urgence direkt fir e weideren Traitement am Spidol musse bleiwen.
D'Urgencë bleiwen iwwerdeem gefuerdert, bei engen 269.000 Visitten op d'Joer 2024 gekuckt - dëst sinn eng 734 Patienten, déi sech an der Moyenne den Dag an den Urgencë mat engem medezinesche Problem presentéieren - all Zéngten dovunner ass eng eeler Persoun iwwer 75 Joer, all drëtt Admissioun ass e Kand.
An der Moyenne bleift e Patient eng 7 Deeg am Spidol, iwwerdeem de Jores-Taux vun de beluechte Better op 78% an d'Luucht gaangen ass. Och d'Fäll vun ambulanter Chirurgie gi weider stänneg an d'Luucht, sou datt sech de Virage Ambulatoire gutt entwéckelt.
Observatoire national de la santé - Carte Sanitaire 2025