
E Sonndeg de Mëtteg gouf der Police en Auto gemellt, deen a Schlaangelinnen iwwert d’A7 gefuer ass. Eng Patrull konnt de Won stoppen. En Alkoholtest wärend der Kontroll huet erginn, datt den zoulässegen Héchstwäert bal ëm dat Duebelt iwwerschratt war. E provisorescht Fuerverbuet gouf ausgestallt.
An de fréien Owesstonne koum et zu Rodange an der Route de Longwy zu engem Accident, bei deem de Chauffer uginn huet, ënnert Alkoholafloss ze stoen. Éischten Erkenntnisser no huet de Chauffer beim Ofbéien d’Automobilistin iwwersinn, déi grad op där Stréck gefuer ass, wouropshin et zu enger Kollisioun koum. Op der Plaz huet en Test den Alkoholpeegel confirméiert. Well kee Permis virgewise konnt ginn an et Onreegelméissegkeeten am Kontext vum Umelle vum Gefier gouf, gouf de Parquet informéiert a Plainte gemaach.
An der Rue de Hollerich koum kuerz virun 22 Auer enger Police-Patrull e Gefier an entgéintgesater Richtung entgéint. Den Automobilist gouf direkt gestoppt an en Alkoholafloss gouf bemierkt. Och hei huet den Test erginn, datt den zoulässegen Héchstwäert ëm dat Duebelt iwwerschratt war.