1 BlesséiertenKollisioun mat 4 Autoen an der Stad

RTL Lëtzebuerg
De CGDIS mellt een Accident vun en Donneschdegowend an der Stad an um Freidegnomëtten am Norde vum Land.
© Laurent Weber / RTL

Op der Kräizung Rue des Aubépines mat der Areler Strooss hate sech géint 22.30 Auer 4 Autoen ze pake kritt. Eng Persoun gouf blesséiert.

Eng weider blesséiert Persoun an engem Autosaccident gouf et e Freideg géint 14.39 Auer um CR348 tëschent Bierden a Waarken. D’Rettungsekippe vun der Nordstad a vun Angelduerf waren hei am Asaz.

Back to Top
CIM LOGO