
Géint 12.50 Auer krute sech op der B40 a Richtung Lëtzebuerg zwee Autoen ze paken. Eng Persoun gouf heibäi verwonnt. Op der Plaz waren de Rettungsdéngscht an de Samu vun Esch souwéi d’Pompjeeë vu Monnerech.
Um 15.50 Auer gouf dann eng Persoun zu Rëmerschen, déi op enger elektrescher Trottinette ënnerwee war, vun engem Auto ugestouss. Hei ass awer kengem eppes geschitt.